
Dat, ier se an eng Consultatioun kommen. Op Nofro beim Gesondheetsministère an der Santé hätt ee matgedeelt kritt, dass vun hirer Säit aus keng entspriechend Instruktioun un d'Dokteren erausgaangen ass. Dofir mécht d'Asbl e Mëttwoch de Mëtteg an engem Communiqué den Appell, dass dëst just an Ausnamesituatiounen dierft geschéien, dat heescht, wann en eeschte Verdacht op eng Infektioun mam Coronavirus besteet.
Et kéint net sinn, dass Leit, déi wierklech krank sinn, op d'mannst 2 Deeg misste waarden, ier se gehollef kréien, an esou e puer Deeg mat Péng an ouni Medikamenter missten aushalen. Doduerch kéinten en plus Problemer mat der CNS entstoen, wann een de Krankeschäin ze spéit erareecht, schreift d'Patientevertriedung.
Wat d'Testen ubelaangt, huet d'Patientevertriedung iwwerdeems an hirem Schreiwes wësse gedoen, dass si un de Ministère erugetruede sinn, fir d'Situatioun vun deenen, déi sech mat Ordonnance wëllen teste loossen, sech verbessere misst an d'Delaie misste verkierzt ginn. D'Asbl begréisst awer, dass zousätzlech Testzentren um Kierchbierg an zu Jonglënster dobäikoumen.
