
Wéi Meteolux mellt, fänkt den Dag zwar sonneg un, um fréien Owend zitt awer eng Donnerwiederfront iwwer de Grand-Duché. Am meeschte betraff wieren zwar d'Belsch an d'Ardennen, ma och iwwer Lëtzebuerg kéint et zu Donnerwiedere kommen. Vereenzelt kéint et esouguer zu sougenannte Superzelle kommen, déi staarke Reen a lokal och Knëppelsteng mat sech bréngen, schreift de Wiederdéngscht op sengem Site.
Meteolux huet dowéinst eng Alerte jaune erausginn, déi vun en Donneschdeg 20 Auer bis e Freideg 9 Auer gëllt. Deemno kéinten tëscht 15 a 25 l/m2 bannent kuerzer Zäit erofkommen, grad ewéi Knëppelsteng. Lokal kéint et och zu staarkem Wand kommen.
