
D'Philharmonie informéiert iwwert presuméiert verdächteg Bank-Transaktiounen, déi rezent am Kader vun interne Kontrolle festgestallt goufen. Hei goufen eng Rei verdächteg Iwwerweisunge mat engem Gesamtwäert vun 160.000 Euro identifizéiert, sou heescht et am Communiqué, deen d'Philharmonie e Méindeg den Owend erausgeschéckt huet. Direkt nodeems déi Virgäng entdeckt goufen, huet d'Direktioun déi néideg Moossnamen ergraff an d'Faiten den zoustännege Autoritéite gemellt, heescht et hei weider.
Et schafft een an deem Kader enk mat den Autoritéiten zesummen, fir sou de Fall sou séier wéi méiglech opzeklären an och eventuell Responsabilitéiten ze klären. Parallel dozou leeft eng extern Iwwerpréiwung vun de Finanzkontroll-Prozeduren, fir méiglech Schwaachstellen ze identifizéieren an déi néideg Mesuren ze huelen.
D'Philharmonie Lëtzebuerg wäert sech och am Moment net weider zu der Affär äusseren, fir de lafenden Ermëttlungen net am Wee ze stoen. D'Aktivitéite vun der Philharmonie wäerten iwwerdeems normal weidergefouert ginn.