Op Uerder vum Procureur d’EtatD'Police huet an der Nuecht op e Sonndeg eng Rei Alkoholkontrolle gemaach

RTL Lëtzebuerg
335 Chauffeuren hu missen een Alkoholtest maachen. 2 Persoune kruten de Fürerschäin ofgeholl.
© Police (Archivbild)

E Samschdeg den Owend huet d'Police op Uerder vum Procureur d’Etat gréisser Alkoholkontrollen op verschiddenen Plazen am Land gemaach.

Kontrolléiert gouf um Sennengerbierg tëscht 21 an 22 Auer um CR126, um Stater Boulevard de Kockelscheuer tëscht 22.45 an 23.45 Auer, ëm déi Zäit stoung d'Police och zu Jonglënster an der Lëtzebuerger Strooss. Tëscht 00.45 an 1.45 Auer gouf nach an der Beggener Strooss an tëscht 2.45 an 3.45 Auer an der Areler Strooss, all kéiers an der Stad.

Am Ganze hunn 335 Automobiliste missen en Otemtest maachen, och ouni Indice. An 12 Fäll war den Test positiv an et gouf protokolléiert. 2 Chauffere waren hire Permis lass.

Alkohol am Spill och op anere Plazen

Géint 21 Auer krut d'Police am Mariendall en Auto gemellt, deen am Zickzack gesteiert gouf an ze séier ënnerwee war. De Chauffer gouf kontrolléiert a well den Alkoholtest positiv war, gouf de Führerschäin agezunn.

Ee weiderer Permis war géint 5 Auer zu Diddeleng fort. Een Automobilist war am Gaang de Pneu vu sengem Won ze wiesselen, konnt awer bei der Kontroll keng valabel Pabeieren virweisen, donieft hat hien e Fuerverbuet a gedronk hat de Mann och nach.

Um 6.30 Auer krut d'Police nach en accidentéierten Auto zu Izeg gemellt. Wéi d'Beamten op der Plaz ukomm sinn, souz de Chauffer nach hannert dem Steier. Och hei war Alkohol am Spill an de Permis fort.

Op Behënnerteparkplaz geparkt an onasiichteg

Géint 23 Auer ass een Automobilist an der Rue Glesener an der Stad negativ opgefall. De Mann hat säi Won op eng Behënnerteparkplaz gestallt. E Protokoll huet de Mann refuséiert an huet sech wéineg kooperativ gewisen. Hien an säi Begleeder goufen ëmmer méi aggressiv an hunn d'Beamte beleidegt a menacéiert. Si hu souguer probéiert, an de Policeauto ze klammen, fir hir Pabeieren zeréckzehuelen. Och de Mataarbechter vun der Depanneuse gouf dru gehënnert, seng Aarbecht ze maachen. Um Enn koum nach eng Plainte wéinst Rebellioun dobäi.

Back to Top
CIM LOGO