
Beim Accident op der A4 handelt et sech ëm e Virfall vun e Sonndeg 19 Auer, dat wéi gesot op der A4 a Richtung Esch, méi genee tëscht der Opfaart Leideleng Sud an der Ausfaart op der Héicht vun der Tankstell Steebrécken.
Dobäi ass et zu enger handgräiflecher Ausernanersetzung tëscht zwee Automobiliste komm, eng Persoun gouf heibäi liicht blesséiert. An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Leit, déi de Sträit gesinn hunn. Wien Informatiounen huet, soll sech per Mail op UPR.SIA@POLICE.ETAT.LU, respektiv iwwer Telefon um (+352)244175200 mellen.
En Dag virdrun, also e Samschdeg den 11. Mee, gouf e Vëlosfuerer um CR158 tëscht der Kockelscheier a Réiser op der Héicht vun der Autobunnsbréck schwéier blesséiert. Well déi genee Ëmstänn vum Accident onkloer sinn, sicht d’Police no Zeien.
Informatioune sinn hei fir d’Police vun Diddeleng, dat um (+352)244691000 oder per Mail op Police.DUDELANGE@police.etat.lu.