Kritik u Reklassement"D'Police steet a Flamen"

Diana Hoffmann
D'Association du personnel policier détenteur d'un diplôme de fin d'études secondaires, kuerz ADESP, fënnt, datt Honnerte Beamten diskriminéiert ginn.
© Archiv

Uerteel zum Reklassement

“D’Police steet a Flamen”, huet d’ADESP, also d’Associatioun vun de Policebeamten, déi sech an hirer Karriär diskriminéiert villen, hiren Newsletter iwwerschriwwen. D’Kritik riicht sech géint en Artikel aus dem Policegesetz vun 2018, duerch dee per sougenannter “Voie express”, bestëmmte Beamten an eng méi héich Karriär konnte wiesselen. Fir eng 500 bis 600 Beamte war dat awer net méiglech, trotz hirem Premièresofschloss. Nodeems d’Cour constitutionelle Enn zejoert decidéiert hat, datt d’"Voie express” net am Aklang mat der Verfassung wier, gëtt elo nächste Mount en Urteel um Verwaltungsgeriicht erwaart.

Et géing awer eigentlech guer net ëm d’"Voie expresse” per se goen, betount de Michel Mangen, President vun der Associatioun, déi sech fir déi concernéiert Policebeamte mat Premières Diplom asetzt:
“Et geet eigentlech dorëm, datt mer soen, mer hätte misse reklasséiert ginn. An dat ass net gemaach ginn. 2018 ass dat Gesetz agefouert ginn, wat eng Diskriminatioun vun deene Leit, déi e Premièresdiplom hunn, ass. Säit 2018 si mer amgaange mat der Politik ze streiden, fir do nozebesseren.”

Schliisslech géing et keen Ënnerscheed an der Aarbecht ginn, déi um Terrain gemaach gëtt. Nämlech déi, di enger Redakteschkarriär, also enger B1 entsprécht. Wou d’Urteel vum Verfassungsgeriicht erauskomm ass, datt Diskriminatioun virläit, hat ee geduecht, et géingen enfin Neel mat Käpp gemaach ginn:
“Dunn hu mer eng Entrevue beim Minister ugefrot. Mer waarde lo schonn 2 Méint drop, fir kënnen eis Proposen ze maachen. Mer wësse ganz genau wat mer kënne maachen, dass d’Police nees ronn dréint, mee bis elo huet nach keen sech gemellt.”

Wat an deem Urteel nächste Mount eraus kéint kommen, wéist een net. Et géing net mat hinne geschwat ginn, sou de Michel Mangen:
“Bei der ganzer Police geet iwwerhaapt näischt méi. Alles wat hätt kenne falsch gemaach ginn an de leschte 5 Joer, dat ass awer och wierklech falsch gemaach ginn.”

Et géing stëmmen, datt eng gesetzlech Basis feelt, mee déi hätt jo scho laang kéinten ausgeschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO