Opgepasst!D'Post warnt viru falschen SMSen, déi am Ëmlaf sinn

RTL Lëtzebuerg
D'SMSe gesinn esou aus, wéi wa se vun der Post géinge verschéckt ginn, ma dat ass a Wierklechkeet awer net de Fall.

Wéi d’Post mellt, wieren et an der Lescht nees méi “Phishing"-Attacke ginn. D’Clientë ginn iwwert eng Fake-SMS op en anere Site weidergeleet, op deem de Logo vun der Post ze gesinn ass. Donieft ginn d’Leit opgefuerdert, sensibel Donnéeën unzeginn.

D’Post réit de Clienten an deem Fall, keng perséinlech Informatiounen unzeginn, wa si via Link oder SMS dozou opgefuerdert ginn. D’Post selwer géif ni via SMS no perséinlechen Donnéeë bei hire Cliente froen.

Back to Top
CIM LOGO