
“D’Prozedure vereinfachen ass gutt, ma d’Politik muss méi!” Dat schreift de Mouvement écologique a senger Reaktioun op den Etat de la nation vum Premierminister. Dem Mouveco no hätt dem Luc Frieden seng Ried den Androck vermëttelt, wéi wann d’ganz Zukunftsgestaltung duerch besser a vereinfacht Prozeduren a Bäihëllefen ze erreeche wier. Et wieren allerdéngs vill méi grondsätzlech Reformen néideg, fir zum Beispill d’Energietransitioun oder de Klima- a Biodiversitéitsschutz ze assuréieren.
Et wier ze begréissen, datt administrativ Vereinfachunge komme sollen, wéi dat allerdéngs am Detail soll ausgesinn, wier net gewosst. Eleng op d’Vereinfachung vu Prozedure respektiv Reforme vun eenzele staatleche Bäihëllefen ze setzen, ouni och grondleeënd gesellschaftspolitesch relevant Reformen ze adresséieren, wier kee reelle Fortschrëtt, kritiséiert de Mouvement.