
Kuerz no 6 Auer waren d’Ambulanciere vum SaDiff an d’Pompjeeë vu Käerjeng an d’Rue des Ateliers zu Nidderkäerjeng geruff ginn, nodeems hei e Moto an en Auto net laanschtenee koumen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.
An der Rëmelenger Strooss waren um 9.16 Auer zwee Autoen anenee geknuppt. Hei goufen dräi Persoune blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Keel, Esch an Diddeleng versuergt.