Eng Rei Fürerschäiner agezunnDräi Chaufferen op der A7 mat iwwer 200 km/h ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Nieft enger ze héijer Vitess sinn de Weekend och nees Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezu ginn.

Wéi d’Police mellt, sinn de Weekend am Kader vun enger Vitesskontroll eng Rei Permisen agezu ginn. Op der A7 vu Miersch a Richtung Ettelbréck waren tëscht 16 an 18 Auer e Sonndeg dräi Gefierer, jeeweils mat 209 km/h, 201 km/h a mat 211 km/, amplaz vun den erlaabten 130 km/h ënnerwee. Donieft goufen op der selwechter Streck 15 Verwarnungen an Héicht vun 145 Euro an 2 Punkten ausgestallt, fir Chaufferen, déi mat iwwer 155 km/h gefuer waren.

E Sonndeg den Owend hunn iwwerdeems zwou alkoholiséiert Fraen hire Fürerschäin ofgeholl kritt. Déi eng Fuererin war a Schlaangelinnen a Richtung Nidderdonwen ënnerwee an an der Veianer Strooss zu Tandel huet d’Chauffesch eng liicht Kollisioun mat engem aneren Auto verursaacht.

Back to Top
CIM LOGO