Stater GareDräi presuméiert Drogendealer festgeholl
D'Beamte wieren an der Nuecht an der Rue du Fort Elisabeth op véier Männer opmierksam gi wéinst dem Verdacht op Drogenhandel.
Bei enger Kontroll wieren Drogen a Sue saiséiert ginn. Dräi vun deene véier goufe festgeholl an hu Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.