
De wëssenschaftlechen Avis vun de 5 Dokteren a Professeren soll um Freideg an de Regierungsrot kommen. Den Ament géif nach dru geschafft ginn, heescht et. Publizéiert soll en allerdéngs réischt am Kader vun der Consultatiounsdebatt ginn.
D’Regierung stellt op zwou Säiten eng Hellewull u Froen un d’Parlament, op déi se sech eng Äntwert erhofft. An de Froen geet et ëm déi praktesch Ëmsetzung vun enger Impfflicht. Wéini a wéi laang se a Kraaft triede soll. Fir wie se alles applizéiert soll ginn, ob jidderee vu 14 Joer un, verschidden Alters- oder och spezifesch Beruffsgruppen? An dann och wéi se kontrolléiert a sanktionéiert soll ginn. Wéini gëllt een als komplett geimpft? Wéi geet ee mat Leit ëm, déi de Covid schonn haten a sollen déi aktuell Mesuren en place bleiwen?
De leschten offizielle Chifferen no sinn den Ament hei am Land 71% vun der ganzer Populatioun op d’mannst 1 mol géint Covid geimpft. Iwwer 18 Joer läit deen Taux bei 80,8%. Derbäi kommen eng 8,6% vun den net-geimpften Erwuessenen, déi de Covid schonn haten. Lëtzebuerg läit mat sengem Impftaux ënnert der europäescher Moyenne. Méi schlecht si just nach 12 aner Memberstaaten, haaptsächlech aus Osteuropa, wou d’Impfskepsis bekanntlech ganz grouss ass.
37% vun de Residente krute bis ewell hir drëtt Dosis. 238.094 Leit fir genee ze sinn. Dat entsprécht 45,5% vun allen Erwuessenen. Beim Boostere kënnt Lëtzebuerg an der EU iwwregens op 9. Plaz. Wéi bei de generellen Impfungen och, klëmmt den Taux och beim Booster mam Alter.
Am Dokument, dat d’Regierung verschéckt huet, ginn och Donnéeë vun der Sécurité sociale an der Santésdirektioun zesummegedroen, wéi en Impakt d’Impfung op d’Hospitalisatiounen huet, nämlech datt däitlech méi Ongeimpfter wéi Geimpfter op medezinesch Soinen an der Klinik ugewise sinn.
D’Situatioun zu Lëtzebuerg wier op verschiddenen Niveauen alarmant, heescht et an der Nott. D’Pandemie hätt 900 Mënscheliewe kascht. Et géif ëmmer rëm de Risiko vun Iwwerlaaschtung bestoen, wa majoritär net-geimpfte Patienten d’Spideeler belaaschten an domadder déi ganz Gesondheetsversuergung a Gefor bréngen. An et wiere vill Leit midd a perturbéiert. Dobäi kéim eng prekär ekonomesch Situatioun.
Et gëtt och de juristeschen an den internationale Kader beschriwwen an d’Modalitéiten an den aneren europäesche Länner a Punkto Impfflicht matenee verglach. Interessant ass och eng Lëscht vun der IGSS, wéi vill Leit an den eenzelen Beruffssparten nach net geimpft sinn. D’Tauxe schwanken tëscht 18 an 9%.
