Jonker um GeriichtD'Roll vum Riichter iwwerhuelen, beim Atelier YOUstice ass dat méiglech

Isabelle Henschen
YOUstice ass en Atelier, deen den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ausgeschafft huet.
Atelier YOUstice
YOUstice ass en Atelier, deen den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ausgeschafft huet.

Jonker kënnen e ganzen Dag um Geriicht verbréngen, e richtege Prozess kucke goen a mat Riichter a Procureure schwätzen. Zum Schluss kënne si selwer déi entspriechend Rollen iwwerhuelen a wärend engem Rollespill erliewen, wat et bedeit, an engem Geriichtsprozess ze sinn.

Den Atelier soll de Jonken erméiglechen, éischtens d’Schei virum Geriichtsgebai ze verléieren an déi Leit kennenzeléieren, déi um Geriicht schaffen. D’Matière zum Thema Rechtsstaat a Justiz an der Schoul duerchzehuelen, kann dréche sinn, seet d’Michèle Schilt, d’stellvertriedend Direktesch vum Zentrum fir politesch Bildung, duerch den “lernen vor Ort” kann een dëse Cours vill méi spannend an interessant gestalten.

D’Nofro ass do. Den Atelier gëtt zënter engem Joer ugebueden an ass ëmmer ausgebucht. Verschidde Lycéeën hunn zum Beispill entscheet, dass den Atelier vun all hire 4ièmen oder 3ièmë besicht gëtt. Et ass geplangt, den Atelier fir Primärschoul-Klassen unzebidden. Bei der Entwécklung steet een allerdéngs virun der Erausfuerderung, dass Jonker eréischt vum Alter vu 15 Joer un an e richtege Prozess kënne kucke goen.

Am Kader vum Weltkannerdag, de Sondeg 20. November, huet den Zentrum fir politesch Bildung mat UNICEF zesummegeschafft. D’Rollespill vun dem YOUstice-Atelier d’lescht Woch war e Prozess, an deem och indirekt e Kand dran involvéiert war.

Kannaniuuss: News vu Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt, alles dat wat Kleng a Grouss interesséiert, “kanna”liicht erkläert, all Sonndegowend viru 7 op der Tivi

Back to Top
CIM LOGO