"Natur & Ëmwelt"D'Schlammwiss ass bei de Schmuebele ganz beléift als Schlofplaz

Christophe Hochard
D’Schlammwiss zu Iwwersiren gouf am Joer 2018 als Lëtzebuerger Naturschutzgebitt klasséiert.
Schmuebele fille sech an der Schlammwiss zu Iwwersiren wuel
Zu Honnerten, jo souguer Dausende kommen si owes heihinner schlofen. De Schilf ass hir Schlofkummer.

Zanter den ugangs 2000er Joren läit si an enger Natura 2000-Zon. Dës Plaz ass den Ament ganz beléift bei de Villercher. Méi prezis de Schmuebelen. Zu Honnerte jo souguer Dausende komme si owes heihinner schlofen. De Schilf ass hir Schlofkummer.

D’Schmuebele kommen aus engem Ëmkrees vu ronn 30 Kilometer hei op Iwwersiren geflunn. Sou kuerz owes no 21 Auer deet sech eppes am Himmel. D’Villercher kommen dann an hiren Dortoire. Hei fille si sech esou wuel ewéi e Fësch am Waasser. D’Migratioun verleeft tëscht hallwem August bis Mëtt September.

Eng ganz motivéiert Ekipp vu jonken an erfuerene Leit vu “Natur & Ëmwelt” ass hei an der Schlammwiss aktiv. Si fänken d’Schmuebelen an, fir se dann ze beréngen. Et ass e risege Spektakel am Schilf, wann d’Schmuebele bis all ukomm sinn.

Back to Top
CIM LOGO