Net nëmmen eng Destinatioun fir PassagéierfligerD'Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung kontrolléiert och um Findel

Anne Wolff
Ënnerwee mat der Grenzkontroll um Findel: Sou gëtt gekuckt, dass eist Uebst a Geméis sécher ass.
© Anne Wolff

Dorënner och exotescht Uebst an aner Planzen. Well een aus Sécherheetsgrënn awer net alles op Lëtzebuerg importéieren dierf, kontrolléiert d’Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung d’Chargen, déi um Flughafen ukommen.

D’Anne Wolff war bei enger vun dëse Kontrollen dobäi:

D’Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung kontrolléiert um Findel / Anne Wolff

Wien am Supermarché am Uebst- a Geméisrayon ënnerwee ass, deem ass et vläicht net direkt bewosst, mee vill vun de Friichten a Planze gi mam Fliger importéiert. Soubal se dann hei zu Lëtzebuerg um Findel ukommen, gi se ënnert d‘Lupp geholl. Eréischt wa vun der Grenzkontroll den OK kënnt, geet d‘Wuer duerch Douane a kann dann a ganz Europa virun transportéiert ginn. Zoustänneg fir déi Kontrollen ass d‘Alva, d‘Veterinär-an Alimentärverwaltung, a Kooperatioun mat der Verwaltung fir technesch Déngschter vun der Landwirtschaft (ASTA). Mir hunn eis ugekuckt, wéi sou eng Kontroll ofleeft.

Wien an de Kontrollberäich wëllt, muss als Visiteur fir d‘éischt duerch eng Sécherheetskontroll a brauch eng Erlabnis vun der Police. Eréischt duerno duerfe mir an de Cargo-Center eran.

Um Dënschdeg de Moie sinn et véier Palette Päerdsbieren, déi an engem gekillte Raum op d‘Inspektioun waarden. D‘Valérie Zoller an den Tom Elcheroth vun der Alva (Administration Vétérinaire et Alimentaire) paken d‘Paletten aus a kucke sech eenzel Friichten un. „Et kéinten zum Beispill Larven dra sinn an déi missten da bestëmmt ginn.“, erkläert d‘Valérie Zoller. Fir ze bestëmmen, wat genee et ass, géif den Echantillon un en agreéierte Labo am Ausland goen, erzielt den Tom Elcheroth. Et misst ee sécher sinn, dass de Befund och wierklech stëmmt, wann d‘Wuer muss zerstéiert ginn.

Fir als Laboratoire fir esou Analysen zougelooss ze sinn, muss een der e ganze Koup am Joer maachen. Zu Lëtzebuerg wier d‘Demande no esou Analysen net grouss genuch, dofir gräift een op d‘Nopeschlänner zeréck. „Et geet drëms ze bestëmmen, ob et Insekten oder Schädlinge sinn, déi et an Europa scho gëtt“, explizéiert d‘ Malou Grasges, Chef de Service vun der Grenzkontroll. „Wann et der sinn, déi et an Europa scho gëtt, kann ee se och nach iergendwéi verschaffen, wann et kee Risiko ass fir d‘Leit. A wann et awer Parasitten, Insekten oder Pilzer sinn, déi et nach net gëtt, da muss se zeréckgeschéckt oder zerstéiert ginn, fir dass déi net an Europa erakommen“. Ausserdeem kënnen d‘Liewensmëttel och zum Beispill op Pestizide kontrolléiert ginn.

1.300 Kontrollen am Joer

Wat wéi kontrolléiert gëtt, leet d‘EU fest. Et géif jee no Wuer a Land, wou se hierkënnt e gewëssene Prozentsaz, dee muss kontrolléiert ginn.

1.300 Kontrollen huet d‘Ekipp vun der Alva d‘lescht Joer bei de Planze gemaach, deels just d‘Dokumenter an deels physesch Kontrollen. Dobäi kommen och Veterinärskontrollen. Do gi sech Déieren, awer och déieresch Produiten ugekuckt. D‘Kontrolleure si jee no Beräich Veterinär oder se hunn eng Formatioun am Beräich vun der Liewensmëttel-Hygiène, der Botanik oder dem Phytosanitaire an hunn eng zousätzlech intern Formatioun. Wann d‘Uebst an d‘Geméis bis kontrolléiert ass, ginn d‘Import-Pabeieren ausgestallt a se gi verzollt. Eréischt duerno dierfe se virun op hir endgülteg Destinatioun an dann an den Handel. Et ginn allerdéngs och Länner, mat deene Lëtzebuerg en Accord huet, soudass um Findel just d‘Dokumenter kontrolléiert ginn an de Rescht mat der Verzollung dann op der Plaz gemaach gëtt.

90 Prozent vum Uebst a Geméis, dat um Findel ukënnt, gëtt duerno an d‘Ausland virun transportéiert.

Back to Top
CIM LOGO