Weider RéckriffE.coli-Bakterien a méi Kéiszorte festgestallt ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung matdeelt, gouf a weidere Kéiszorten Escherichia coli Bakterien (STEC) entdeckt.

Schonn e Mëttwoch an Donneschdeg de Mëtteg huet d’Liewensmëttelverwaltung zwee Réckriff erausginn, well “Morbier” vu de Marken “Nos régions ont du Talent” an “Auchan Territoire” kéint Spuere vun E.coli-Bakterien enthalen.

Am Laf vum Donneschdegowend koum dann d’Warnung, datt och verschidden Zorte vun der Marc “Jean Perrin” kéinte veronrengegt sinn:

De Kéis “Morbier AOP MINI 75 Jours”, mam Barcode 3324440317755 mat allen Oflafdatumer a Lousnummeren.
De Kéis “Plat Raclette au lait cru” 360g mam Barcode 3324440440361 a 630g mam Barcode 3324440440996 mat allen Oflafdatumer a Lousnummeren.
De Kéis “Raclette au lait cru” mam Barcode 3324440416762 mat allen Oflafdatumer a Lousnummeren.
De Kéis “Raclette lait cru” mam Barcode 3324440470726 mat allen Oflafdatumer a Lousnummeren.

Am Fall vun enger Aktualiséierung vum Réckruff oder wa weider Produite betraff sinn, ginn d’Informatiounen iwwer de Site www.securite-alimentaire.lu wéi och op den LU-Alert-Plattformen (www.lu-alert.lu an der LU-Alert-App) publizéiert.

Weider Detailer um Site vun LU-Alerte

Back to Top
CIM LOGO