RéckruffE.coli-Bakterien am Kéis "Morbier" vun der Mark "Nos régions ont du Talent"

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung matdeelt, goufen am Morbier, deen am Leclerc verkaf gëtt, Escherichia coli Bakterien (STEC 017) entdeckt.

Dowéinst soll een de Kéis am beschten net consomméieren.

Betraff sinn all d’Lousnummeren, bei deenen den Oflafdatum tëscht dem 8. Februar an dem 29. Mäerz leien. Hei besteet d’Méiglechkeet, datt Escherichia coli Bakterien am Kéis sinn.

Si goufen tëscht dem 22. Januar an dem 19. Februar 2025 am Leclerc verkaf.

Am Fall vun enger Aktualiséierung vum Réckruff oder wa weider Produite betraff sinn, ginn d’Informatiounen iwwer de Site www.securite-alimentaire.lu wéi och op den LU-Alert-Plattformen (www.lu-alert.lu an der LU-Alert-App) publizéiert.

Weider Detailer um Site vun LU-Alerte
RTL-News: Réckruff - E.coli-Bakterien am Kéis “Morbier” vun der Mark Auchan Territoire

Back to Top
CIM LOGO