Suen an Zigarette geklautE Freidegowend gouf eng Tankstell zu Rouspert iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
E Freidegowend koum et zu engem bewaffenten Iwwerfall op eng Tankstell zu Rouspert.
D'Tankstell zu Rouspert
D’Tankstell zu Rouspert
© Domingos Oliveira

Wéi et vun der Police heescht, hätt den Täter hei géint 20.20 Auer eng Waff virgewisen a Suen an Zigarette geklaut. Duerno hätt hie sech duerch d’Bascht gemaach. Et gouf eng Sich an d’Weeër geleet.

D’Lëtzebuerger Police hat dann och déi däitsch Kolleegen informéiert, dass nom Iwwerfall géif no enger Persoun gesicht ginn. Dës hunn doropshin hirersäits eng Sich an Däitschland lancéiert. Géint 22 Auer konnten déi däitsch Poliziste schliisslech eng verdächteg Persoun stellen.

D’Enquête an der Affär leeft den Ament nach.

Back to Top
CIM LOGO