Den zweete Weltkrich zu LëtzebuergE Gauleiter mam Numm Simon an e Kräiz ouni Numm

Monique Kater
Wat ass no der Verhaftung vum Gustav Simon mat him geschitt ? Wéi ass hie gestuerwen ? Wou ass hie begruewen?
E Gauleiter mam Numm Simon, e Kräiz ouni Numm
Wat ass no der Verhaftung vum Gustav Simon mat him geschitt ? Wéi ass hie gestuerwen ? Wou ass hie begruewen?

Hie gouf grad emol 45 Joer al a war vun 1940 bis 44, als NSDAP-Gauleiter iwwer d’Moselland am Grand-Duché och Chef vun der Zivilverwaltung. De Gustav Simon stoung fir d’Brutalitéit an den Terror vum Nationalsozialismus an de besate Gebidder an hat vum Adolf Hitler den Optrag kritt, d’Lëtzebuerger vum “deutschen Volkstum” z’iwwerzeegen. Iwwer dat, wat no 1944 mam gebiertege Saarlänner geschitt ass, sinn d’H’storiker sech net eens. Virun allem och, wat dem Gauleiter säin Doud a säi leschte Stopp zu Lëtzebuerg ugeet.

Absolut Muecht iwwert de Grand-Duché

Et ginn nach Lëtzebuerger, déi sech erënneren, dass si an der Schoul kee Franséisch hu missen oder dierfe léieren. De Gustav Simon, dee wéinst Protester géint seng ordonéiert Wehrpflicht Lëtzebuerger exekutéiere gelooss huet, soll hektesch an hannerlëschteg gewiescht sinn a brutal an ouni ëmzekucken, gehandelt hunn.

Gustav Simon, genannt “de Gëftzwerg”

Hie wier, an Zentimeter gekuckt, dee klengsten ënnert de Gauleiter gewiescht, a säi Gau, d’Moselland, war och net grad deen dichtegsten. A well d’Lëtzebuerger den Uerder, deen hie vum Hitler krut, ignoréiert hunn, hätt hien net gutt do gestanen, erkläert dem Historiker Paul Dostert.

Onkloer ass, wéi de Gustav Simon schliisslech gestuerwen ass. Gouf hien zu Paderborn erschoss, wéi déi eng mengen, oder huet hie sech no senger Verhaftung erhaangen? De Paul Dostert, plaidéiert fir dës Optioun an huet Infoe quasi aus 1. Hand, nämlech iwwer d’Nokomme vum Captain Hanns Alexander, deen als britteschen Offizéier, Krichsverbriecher gesicht a fonnt huet.
Den zweete Versuch sech ëmzebréngen, hätt du geklappt – um Bee vu sengem Bett hätt de Gauleiter Simon sech erhaangen.

Enn 1945 koum d’Läich vum Simon zeréck an d’Stad

De Gustav Simon gouf dout an de Prisong am Gronn bruecht, wou d’Press sech konnt dovun iwwerzeegen, dass de Gauleiter net méi um Liewe wier. En Aschoss hätt keen u sengem Kierper gesinn, dofir awer en Zeechen u sengem Hals, wat op eng Stranguléierung géing higewisen hätt.

Wat maachen awer mat der Läich vun deem, deen d’Land 4 Joer terroriséiert huet? Begruewen op Lëtzebuerger Territoire oder vergruewen ouni Numm a Grafsteen? Et gëtt eng Geschicht iwwert déi zweet Variant: Bei der aler Kasär um Helleggeetschtplateau hätt ee bei Bauaarbechten e Skelett fonnt, dat d Simon sollt oder kéint gewiescht sinn. De Paul Dostert huet eng aner Theorie: De Gustav Simon op deem Kierfecht begruewe sinn, wou d’Prisonéier aus dem Gronn, anonym, hiert Graf kruten.

E Stater Kierfecht mat spezieller Geschicht

”...abseits, da liegt ein Acker für sich. Der verschlossen und freudlos den Besucher anstarrt. : der hauptstädtische Armen- und Gefängnisfriedhof. Hierhin verirrt sich selten ein liebevoller Fuss “

“Es sind nicht nur Lebenslämgliche und von der Todesstrafe Begnadigte, die hier eingeschrieben sind : Preller, Diebe, Spitzbuben.”

Et ass e Kierfecht, dee fir déi am Süd-Oste vun der Stad geduecht war, e Kierfecht, dee bekannten, dichtegen Leit hiert lescht Doheem ginn huet. Hannen am Eck dann e mat Hecken ofgetrennten Deel, mat – ausser ausser enger Gedenkplack, kenger Erënnerung u fréier. Do stoungen an der Zäit spartanesch, einfach wäiss hëlze Kräizer fir déi Aarm vun der Rhum an och schwaarzer fir d’Prisonéier aus dem Gronn. Ma zanter 1938 gëtt net méi stigmatiséiert. Dat schwarrzt Kräiz, dat een op der Foto gesäit, ass also egal wéi net dem Simon säint.

D’Spekulatioune respektiv verschidden Theorien iwwer den Doud vum Gauleiter Simon an doriwwer, wat zu Lëtzebuerg mat senger Läich geschitt ass, hale sech bis haut, wéi den Historiker Paul Dostert erkläert.

De Paul Dostert iwwert den Doud vum Gustav Simon
De Paul Dostert iwwert den Doud vum Gustav Simon

Back to Top
CIM LOGO