Sonndesinterview mam David WagnerE "gutt funktionéierende Staat" huet säi Präis an dee muss bezuelt ginn

Samantha Weber
Den David Wagner huet 1999 déi Lénk als Alternativ zu anere Parteie matgegrënnt. Fir hie sinn d'Suerge vun haut d'Konsequenze vum ekonomesche System.
© RTL

Firwat engagéiert den David Wagner sech an der Politik? Eng Fro, op déi den Deputéierte schwéier eng Äntwert fënnt. Schonn als Kand hätt et hie “rosen” gemaach, wann “Ongerechtegkeeten” geschitt sinn. Ma eleng kréich een a sengen Aen an der Gesellschaft net vill beweegt. Dofir bräicht et “déi kollektiv Aktioun” wéi an enger Partei.

Am Lycée hätt hien du bei Schülerstreike Leit kennegeléiert, “déi och schonn déi selwecht Gedanken haten”. Vue datt et “an den 90er Jore manner ‘in’ war, fir lénks oder antikapitalistesch ze sinn”, huet den David Wagner sech, no enger kuerzer Memberschaft bei der Kommunistescher Partei, zesumme mat senge Kolleege bei de Jongsozialisten engagéiert. Dat allerdéngs “mat der Iddi, wéinstens d’Jongsozialiste méi no lénks ze zéien” an esou “en Afloss op d’LSAP auszeüben, déi deemools och an der Regierung war mat der CSV”. Ma och wann et hinne “gelonge war”, “op d’mannst d’Jongsozialiste méi no lénks ze zéien”, huet den David Wagner sech ëmmer geduecht, “wann et eppes aneschters gëtt zu Lëtzebuerg, eppes méi Lénkes, da ginn ech dohinner”. 1998 koum et dunn zu Gespréicher, “fir eng Alternativ opzebauen”, eng Partei, déi “alles vereenegt”, “wat lénks ass vun de Sozialisten a vun de Gréngen”.

© RTL

Spierbar Konsequenze vum Kapitalismus

Bei der Grënnung vun der lénker Partei 1999 hätt een nach “en Discours gefouert, deen an der Gesellschaft manner Gehéier fonnt huet”, erkläert de Politiker. Haut wier een dem Deputéierten no awer genee op deem Punkt, wou sech “d’Konsequenze vun deem ekonomesche System, an deem mir liewen, ëmmer méi spierbar” maachen. Wat de Marché méi fräi Hand hätt, wat d’Aarmut méi grouss géing ginn. Och den Impakt op d’Ëmwelt wier amgaangen, “vill méi konkreet ze ginn”. Eng vun den “existenziell wichtegste Froe fir dat mënschlecht Liewen”, déi déi nei CSV-DP-Regierung dem David Wagner no “guer net eescht” hëlt. “De Luc Frieden huet guer net verstanen, wourëm et geet.” Zwar géing de Lëtzebuerger Premier ëmmer nees betounen, datt de Klimawandel wichteg wier, ma wann ni eppes a Saache Klimaschutz géing ëmgesat ginn, géingen d’Mënschen an hiren Zweiwel bestäerkt.

Sonndesinterview
David Wagner

Déi Jonk vun haut géinge sech deemno déi selwecht Froe stellen, wéi déi, fir déi déi Lénk viru 25 Joer net eescht geholl goufen. Dat hätt een och no de Walen d’lescht Joer gespuert. Obwuel se méi schlecht ofgeschnidden huet, hätt d’Partei “paradoxerweis nei Membere krut, déi awer manner wéi 30 Joer al sinn”. De Réckgang u Stëmme bei de Chamberwalen erkläert de Politiker doduerch, datt d’Leit sech dacks net trauen, Parteien ze wielen, déi nach net an der Regierung waren. Dacks géingen d’Leit him soen, “ech fannen iech u sech gutt, dat, wat dir sot, ass richteg, dat denken ech och, ech wielen awer elo anerer, obwuel ech manner averstane sinn, well dir kritt et net duerchgesat”. Fir de Politiker ass dat “esou wéi d’Kaz, déi sech an de Schwanz bäisst”. Fir méi Leit fir sech z’iwwerzeegen, missten déi Lénk dem David Wagner no “e puer Erfolleger weisen” an “esou Dynamike schafen”. Dofir géingen déi Lénk och bei den Europawalen op déi Jonk setzen. Engersäits wéilt een déi Jonk “politiséieren”, well et si sinn - “déi elo an dat aktiivt Liewe kommen” - déi “am meeschten d’Konsequenze vum Kapitalismus ze spiere kréien”. Fir datt sech an Europa an “zu Lëtzebuerg Saache veränneren”, misst een dem Politiker no Jonker forméieren an opbauen.

Regierung stellt Kapital viru Bierger

Mat 2 Sëtz an der Chamber hunn d’Deputéiert vun déi Lénk genuch ze dinn. Et géing ee probéieren d’Kommissioune bescht méiglechst ze suivéieren, och déi, an deenen een net Member ass. Ma den David Wagner bedauert awer, datt hien doduerch dacks net vill Zäit hätt, sech op déi verschidden Theeme virzebereeden. D’politesch Prioritéite vum lénke Politiker fir déi nächst 2 Joer - déi Lénk funktionéieren nom Rotatiounsprinzip* an der Chamber - géingen “op zwee Niveaue” verlafen. Als Deputéierten an der Chamber wier et säin Job, “dofir ze suergen, datt déi Lénk seng Iddien an der Bevëlkerung an zemools bei deene Leit ukommen, déi am meeschte betraff sinn, dat heescht jonk Leit, awer och Leit, déi am meeschten ausgebeut ginn”. Doriwwer eraus léiche seng Schwéierpunkten natierlech an de Kommissioune Logement, Educatioun an Ëmwelt a Klima.

Ma och déi sozial Gerechtegkeet läit dem lénke Politiker um Häerzen. Fir den David Wagner hätte mer et do am Moment “mat enger richteg rietsliberaler Koalitioun ze dinn, déi der Meenung ass, nach wéi fréier am leschte Joerhonnert, datt d’Betriber manner solle bezuelen”. Doduerch hätt de Staat “manner Mëttele fir ëffentlech Déngschtleeschtungen”, op déi “räich Leit” vläicht net ugewise wieren, ma de Rescht vun der Gesellschaft bräicht awer “e gutt funktionéierende Staat”. “Deen huet säi Käschtepräis an da muss ee wëssen, wien dat bezilt. Déi, déi vill hunn oder déi, déi wéineg hunn. A fir mech ass d’Äntwert relativ kloer.”

© RTL

“D’Tragik vum parlamentaresche System”

U seng éischt Deeg an der Chamber kann den David Wagner, deen 2018 déi éischt Kéier an d’Chamber gewielt gouf, sech nach “e bëssen erënneren”. Hie wier deemools frou gewiescht, net eleng ze sinn. “Dat ass psychologesch immens wäertvoll. Well wann een eleng do sëtzt, ass et vill méi schwéier.” Ausserdeem wier et gutt gewiescht, datt hien aus senger Erfarung als Attaché parlamentaire de Fonctionnement vun der Chamber scho kann huet. De Politiker verréit awer och, datt hien haut manner nervös wier, an der Chamber ze schwätze wéi op engem déi-Lénk-Kongress. Bei engem Kongress vu senger Partei wéisst hien nämlech, datt hien et “mat Leit ze dinn huet, déi politiséiert sinn. An déi op all Wuert oppassen, wou ech soen”. “An der Chamber stinn ech virun 59 aner Deputéiert. Een dovunner, de Marc Baum, deen ass iwwerzeegt, dee brauch ech net z’iwwerzeegen. An déi aner, do weess ech, dat ass e bëssen d’Tragik vum parlamentaresche System. Och wann ech se vläicht iwwerzeegt kréien, wäert dat strictement näischt änneren, meeschtens op d’Walverhalen, well jiddereen esou stëmmt, wéi et an der Fraktioun ass.”

CSV-DP-Regierung misst zrécktrieden

Fir den David Wagner ass déi nei Regierung alles anescht ewéi “volleksno”. D’CSV-DP-Koalitioun wier him no eng “Wirtschafstkapital- a Patronatsfrëndschaftlech Regierung”. Wat de Politiker awer gewonnert hätt, wier “d’Holperegkeet” vun de chrëschtlech Sozialen. Eigentlech wier d’CSV eng Partei, “déi sech oft als ganz staatsdroend gëtt an als ganz effikass”, ma verschidde vun hiren Aktioune géingen net ëmmer ganz iwwerluecht schéngen. An deenen 10 Joer, an deenen d’CSV net méi an der Regierung war, hätt d’Partei “vill Reflexer verluer” an et wier “relativ erschreckend, wat do ofleeft. An ech hoffen, datt déi Regierung esou séier wéi méiglech muss zrécktrieden, datt mer vläicht eppes Neies kréien”.

D’Roserei vu “frustréierte Bierger” ervirzehiewen, ass einfach

Datt riets Parteie vill Zousproch kréichen, wier dem Deputéierten no näischt Neies an Europa. Wat geännert hätt, wieren d’Theemen, géint déi ee sech géing stellen. Datt Parteie wéi d’ADR géing de Sozialismus kämpfe géingen, kéint den David Wagner net verstoen. “Mir haten nach ni esou wéineg Sozialismus a si wëllen dee bekämpfen. Do muss ee sech froen, wat hire Problem ass.” Nieft “falsche Problemer”, déi riets Parteie géingen erfannen, fir d’Mënsche géinteneen auszespillen, wier et och einfach duerch “primitiv Äntwerten”, “d’Roserei an den Haass” vu “frustréierte Bierger” ervirzehiewen. “A Solidaritéit ass heiansdo net esou evident an enger Gesellschaft, déi guer net solidaresch funktionéiert oder ëmmer manner solidaresch funktionéiert.”

*Nott zum Rotatiounsprinzip: An der Mëtt vum Deputéierte-Mandat réckelt den Nächstgewielten no. Mat 45 Joer ass den David Wagner aktuell dee jéngsten Deputéierte vun Déi Lénk, ma mat der Ana Correia da Veiga kënnt an zwee Joer eng jonk Fra fir d’Partei an d’Chamber.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO