Dossier Belsch Nuklear-DechargenE Manktem u Kommunikatioun

Annick Goerens
Eventuell belsch Pläng, fir un der Lëtzebuerger Grenz Nukleardreck ze stockéieren, suerge bei der Lëtzebuerger Regierung fir grousst Onversteesdemech.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg kritiséiert déi belsch Virgoensweis: et wär net transparent an inkoherent. Hir belsch Homologin Marie Christine Marghem seet sech irritéiert a schwätzt carrement vun engem seriöen diplomateschen Tëschefall. Hannergrond ass belschen nuklearen Offall, deen eventuell kéint an der belsch-Lëtzebuerger Grenzregioun gelagert ginn. Dat Ganzt schéngt wuel absënns e Problem vu Kommunikatioun ze sinn.

Déi Belsch Zeitungen titelen e Mëttwoch de Moien zum Sujet ënner anerem: „Bisbrouille entre Bruxelles et Luxembourg", „Merveilleuse terre radio active au sud du pays?"„Bientôt des déchets nucléaires chez nous?", „Incident diplomatique sérieux" an „Non aux déchets radioactifs". Wat awer aus allen Zeitungen erauszeliesen ass, ass, dass och déi belsch Regioune wuel net au courant waren, dass aktuell Etüde gemaach ginn, fir nuklearen Offall op hirem Territoire ze stockéieren.

Nuklear-Dechargen / Rep. Annick Goerens

Déi belsch Autoritéit fir d'Gestioun vun nuklearem Dreck ONDRAF huet matzen am Confinement de 15. Abrëll eng ëffentlech Consultatioun lancéiert, déi nach bis den 13. Juni soll daueren, vun där awer wuel weder d'Ëffentlechkeet, nach déi regional Autoritéiten also eppes matkritt hunn. Kee Buergermeeschter wär iwwer dës Situatioun informéiert ginn, sou steet et an de belsche Medien. De grénge Buergermeeschter vu Fauvillers gëtt zitéiert, dass hie sech géint dëse Projet géing asetzen. Den Deputé-Maire vun Attert werft op Facebook d'Fro op: „Comment est-il possible de projeter des décisions aussi importantes sans consulter les pays voisins qui seront concernés? Veut-on tuer l'esprit de l'Europe?"

Déi belsch Ministesch ass och rosen, well hir Lëtzebuerger Homologin d'Carole Dieschbourg mat dëser Saach un d'Press gaangen ass, ouni iwwerhaapt de Kontakt mat de belsche federalen Autoritéite gesicht ze hunn. A genee do dréckt de Schong, e Manktem u Kommunikatioun, fënnt och den CSV-Parteipresident Frank Engel.

„Wa mir do eng Suppositioun gehat hätten oder eng Angscht, dass e Mënsch am Ministère vun der Madamm Dieschbourg, oder si selwer mol den Telefon geholl hätten an an der Belsch nogefrot hätten, wat do dru wier. Wat d'Belsch jo elo soen, dass dat net stattfonnt huet. Wéi gesot, ech fannen elo net, dass mer vill dovun hunn, et zu deem heiten Zäitpunkt vun der Kris op déi do Fassong mateneen ëmzegoen. Also d'Ëmgangsformen hunn an de leschte Woche genuch gelidden. Wa mer eis elo mat Pressekonferenzen iwwer Grenzen ewech géigesäiteg beschëllegen, respektiv dann d'Géigebeschëllegung vum diplomateschen Incident formuléiert gëtt. Dann hunn mer dovun net ganz vill."

Besonnesch bizare wär, dass e Sträit ëm Hypotheesen entsteet. Déi belsch Regierung hätt nämlech nach keng Decisioun geholl par Rapport zum Territoire an et kéimen op d'mannst nach eng Dosen aner Sitten a Fro, déi net un der Lëtzebuerger Grenz leien, sou nach den Frank Engel.

Pirate stelle parlamentaresch Fro

An enger parlamentarescher Fro weisen d'Piraten drop hin, datt de Projet de Loi ëm een Accord tëscht dem Grand-Duché an der Belsch am Kader vum Stockage vu radioaktivem lëtzebuergeschem Offall, de 15. Mee 2018 eestëmmeg votéiert gouf. Deemools hat een Deputéierten awer ze bedenke ginn, dass d'Belsch nach keen definitive Site fir radioaktiv Offäll hätt an ee sech d'Fro misst stellen, wéi d'Diskussioune mat der Belsch weiderginn.

Dass déi belsch Ëmweltministesch elo vun engem "Incident diplomatique sérieux" schwätzt, do stelle sech d'Pirate weider nach eng ganz Rëtsch vu Froen, all nozeliesen an hirem Schreiwes.

RTL-Artikel: Reaktioun vu Bréissel op Lëtzebuerger Kritik fält nawell hefteg aus
RTL-Artikel: Ëmweltministesch "not amused": Eventuell belsch Nuklear-Dechargen op Lëtzebuerger Grenz

Back to Top
CIM LOGO