Police bal iwwer de Koup geranntE puer Drogendealer an der Stad erwëscht a festgeholl, ee wollt flüchten

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, hu si am Kader vun hirem Kampf géint d'Drogekriminalitéit e puer Leit an der Stad kontrolléiert, déi sech verdächteg beholl haten.

Eng Patrull ass en Dënschdeg den Owend an der Rue Jean Origer am Garer Quartier an der Stad op e Grupp Persounen opmierksam ginn. Wéi si wollte stoe bleiwen, wollt ee Mann sech ewechmaachen. Hie konnt gepëtzt ginn an hat effektiv eng Bull Droge bei sech souwéi Boergeld an en Handy. Éischt Ermëttlungen hu confirméiert, dass et sech beim Verdächtege kéint ëm e presuméierten Drogendealer handelen. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Méi spéit sinn enger anerer Patrull op der Héicht vun der Rue Adolphe Fischer zwee weider Verdächteger opgefall. Et ass de Verdacht opkomm, dass et sech hei ëm Dealer a Keefer handelt a si goufe kontrolléiert. Beim presuméierte Client gouf dann och eng Bull Kokain séchergestallt. De presuméierten Dealer konnt kuerz drop e puer Stroosse weider gestoppt ginn. Hien hat Bores an en Handy bei sech, 6 Bulle Kokain goufen iwwerdeems e puer Meter ewech entdeckt. Déi hat hie wuel fortgehäit. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a koum nach den anere Moie virun en Untersuchungsriichter.

Am Kader vun dëser Kontroll ass engem Polizist e bësse méi spéit nach eng verdächteg Persoun net wäit ewech opgefall. Wéi d’Beamten an d’Richtung vum Mann getrëppelt sinn, ass dësen an en Auto geklommen a wollt fortfueren. Hie gouf opgefuerdert, de Motor auszemaachen, ma de Mann huet Gas ginn. Hien huet ee Beamten ze pake kritt an huet deen anere Polizist nëmme knapp verfeelt. Blesséiert gouf awer keen, wéi d’Police präziséiert. Hie konnt gestallt ginn an och hei gouf de Verdächtegen op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO