
Wéi d’Police an hirem Bulletin schreift, ware si wéinst engem Sträit zu Bouneweg an der Rue Pierre Krier geruff ginn. Wéi d’Beamten op der Plaz ukoumen, hu sech direkt e puer Leit a verschidde Richtungen duerch d’Bascht gemaach.
Éischten Informatiounen no wieren d’Jugendlecher am Haff virun engem Haus gewiescht. Wéi si vun enger Awunnerin opgefuerdert goufen, fortzegoen, koum et zu enger Ausernanersetzung, bei där e puer Leit liicht blesséiert goufen.
D’Police huet weider Ermëttlunge lancéiert.
Zwee Männer verbréngen Nuecht am Arrest
Iwwerdeem goufen der Police vun en Donneschdeg op e Freideg eng Rei Stéierungen duerch alkoholiséiert Persoune gemellt.
Esou ënnert anerem an der Rue Joseph Junck an der Stad, wou e sichtlech alkoholiséierte Mann Clientë vun engem Café belästegt huet. Obwuel d’Beamten de Mann e puer Mol opgefuerdert hunn, d’Plaz ze verloossen, ass de Mann net fortgaangen. Doropshi koum hie wéinst sengem Zoustand a wéinst der Stéierung no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.
E weidere Mann huet d’Nuecht am Arrest verbruecht, nodeems hie widder eng Mauer gepisst a sech aggressiv géigeniwwer Poliziste verhalen huet. Wéi d’Police mellt, wier eng Patrull an der Nuecht op e Freideg an der Rue Fort Neipperg op de Mann opmierksam ginn, well dëse widder eng Mauer urinéiert huet. Bei der Kontroll vum Mann hunn d’Beamten hien dorop hi gewisen, datt dat net erlaabt wier. Well hie sech doropshin aggressiv géigeniwwer de Poliziste verhalen an dës beleidegt huet, koum hie mat op de Policebüro, wou hien d’Nuecht huet misse verbréngen. Hie gouf ënnert anerem wéinst dem Urinéieren, Menacen a Beleidegunge protokolléiert.