
Souwuel d’Kand, wéi och de Chauffer vum E-Scooter goufe beim Accident liicht blesséiert.
Direkt nom Accident sinn eng Rei Leit stoe bliwwen, fir ze hëllefen. D’Police sicht elo no de Leit, déi Hëllef geleescht hunn, genee wéi eventuell Zeie vum Accident. Si si gebieden, sech um Escher Policebüro ënnert der Nummer (+352) 244 50 1000 oder der E-Mail Police.ESCH@police.etat.lu ze mellen.