Kritik vum Bistum un d’Adress vun der Regierung"Ech mengen, datt mir hinne komplett egal sinn"

Tim Morizet
Op der Pontifikalmass um Schlussoktavsonndeg sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich, vun der Regierung kéim absolut keng Reaktioun, keen Dialog.
Kritik vum Bistum un d’Adress vun der Regierung
Déi aktuell Positioun vun der Regierung géif eng enttäuschend Vue par Rapport zu de Reliounen hei am Land weisen.

Alles ass anescht. D'Corona-Pandemie huet d'Aart a Weis vum Zesummeliewen nohalteg beaflosst, dat och an der Kierch. Hei war et um Sonndeg den Ofschloss vun der Oktav. E rouege Moien an der Stad, mat awer Kritik géint d'Regierung, déi wuel nach eng Zäitche nowierke wäert.

Biller ewéi déi vum leschte Joer, goufen et dëse Sonndeg leider keng. Et hofft een op en séiere Wee zeréck an d'Normalitéit.

Renée Schmitt, Organisatrice Digital Oktav:Mir hoffen datt déi Kris eis och méi an d'Déift féiert, och als Kierch. An datt mer d'nächst Joer d'Oktav erëm richteg kënne féieren.

De Wee zeréck an d'Mass bleift bis op Weideres awer verweigert. Kritik koum hei um Sonndeg de Mueren – iwwert Livestream natierlech – vum Kardinol Jean-Claude Hollerich. Et hätt ee probéiert a Kontakt mam Staatsminister ze kommen, fir eng Reouverture ze diskutéieren. De Bistum hat der Regierung de 6. Mee ee Schutzkonzept fir d'Masse mat Visiteurë geschéckt. Vum Santésministère koum awer just d'Äntwert, datt all kulturell Evenementer verbuede sinn.

Jean-Claude Hollerich, Lëtzebuerger Kardinol:Et ass emol eng Kéier eng Regierung ginn, déi huet eppes vu participativer Demokratie gesot. Dat heescht jo, datt déi Acteure vun der Gesellschaft matschaffen. A wann esou eng Kris ass, déi eist Land rëselt, géif ee jo selbstverständlech gären a mat Verantwortung matschaffen.

Déi aktuell Positioun vun der Regierung géif eng enttäuschend Vue par Rapport zu de Reliounen hei am Land weisen.

Jean-Claude Hollerich: Ech hu mat Bëscheef aus dem Ausland geschwat. Déi waren entsat. Reliounsfräiheet ass e Mënscherecht. Selbstverständlech, an enger Pandemie, muss dat Recht ofgewie gi mat deenen anere Rechter.

An dat hätt ee gemaach, d'Verantwortung geholl an d'Masse mat Leit ofgesot. Ma datt d'Kommunikatioun just vun enger Säit kéim, géif kee Respekt weisen.

Jean-Claude Hollerich:Datt mir keng Äntwert kréien ass net verständlech. Ech hu mat verschiddene Leit geschwat, déi eng déi soe se géifen et express maachen. Dat gleewen ech awer net. Ech menge just, datt mer komplett egal sinn.

D'Masse ronderëm d'Oktav goufen dëst Joer zu Spëtzenzäite vu bis zu 22.000 Leit um Livestream gekuckt.

Priedegt vum Kardinol Jean-Claude Hollerich (17.5.2020)

*Well net sachlech kommentéiert gëtt a repetitiv géint d'Nettikett verstouss gëtt, gouf d'Kommentar-Funktioun gestoppt.

Back to Top
CIM LOGO