
E Méindeg de Moien hu sech géint 9 Auer een Auto an ee Moto zu Fréiseng ze pake kritt. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Nieft der Ambulanz vu Beetebuerg waren och d’Pompjeeë vu Fréiseng an Uespelt op der Plaz.
Ee Blesséierte gouf et dann och kuerz no 8 Auer zu Schuller, wou een Auto an eng Mauer gerannt war. Och hei waren eng Ambulanz an d’Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng op der Plaz vum Accident, genee wéi ee Samu vun Esch.