Sécherheet op der AarbechtsplazEe Land, een Aarbechtsrecht, dräi Systemer

Monique Kater
Eng Inspection du Travail et des Mines (ITM) dierf net op en europäesche Chantier kontrolléiere goen.
Inspection du Travail et des Mines
Ee Land, een Aarbechtsrecht, dräi Systemer

D’Bauplazen an d’Sitte mat den EU-Büroen drop gëllen als extraterritorial, esou wéi d’Ambassaden. Dass d’ITM dësleschter op en uergt Aarbechtsaccident geruff gouf, wier d’Ausnam, obschonns ëmmer d’Legislatioun vum Memberstaat gëllt, sot eis den Direkter Marco Boly a kritiséiert den EU-Kommissär. Aarbechtsrecht a Sécherheet op der Aarbechtsplaz géif fir jiddweree gëllen. Hie wier nach ni mat esou engem Net-Anhalen vu Säiten vun den Institutioune saiséiert ginn, géif sech dat hei awer elo emol genee ukucken.

Mee wie kontrolléiert dann, ob d’Aarbechtskonditiounen OK sinn? Well et gëllt de Prinzip: dee selwechte Loun, op der selwechter Plaz, fir déi selwecht Aarbecht.

A wie kontrolléiert beim Staat a bei de Gemengen, wa gebaut gëtt. Bei der Renovéierung vun dësem Staatsgebai, wier wuel d’ITM am Spill, mee fir d’Pläng an d’Normen ass et de Staat selwer. Heescht: de Service National de la Sécurité dans la Fonction Publique, gebuer 1978, well ee beim Bau vu Schoulen, zum Beispill aner Norme respektéiere misst…a soss?

Déi Normen géifen den Ament iwwerschafft an deemno wéi, ugepasst. Mä wat sot de Staatsrot? Wann ee wéilt spueren, misst ee mat deenen duale Systemer – also dem Double-Emploi, ophalen.

Hei geet et op den offizielle Site vun der ELA.

PDF: Projet de loi N°5239_5

Back to Top
CIM LOGO