
Do hu se der Fra du Wäertgéigestänn geklaut an hu sech mam Auto dovu gemaach.
Virun e puer Méint ass et der Police an Zesummenaarbecht mat de Justizautoritéite gelongen, ee presuméierten Täter z’ermëttelen. Dëse war wéinst enger anerer Strofdot schonn am Ausland am Prisong.
Wéi d’Police den 13. September matdeelt, konnt den 48 Joer ale Mann duerch en europäeschen Haftbefeel Enn August u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. Déi Lëtzebuerger Autoritéiten hunn an dësem Zesummenhang enk mat de portugisesche Kolleegen zesummegeschafft.