Géint EinsamkeetEelere Leit Zäit schenken

Raphaëlle Dickes
D’Agence du Benevolat fërdert de relationale Benevolat. D’Gefill vun Einsamkeet an Isolatioun géif bei eelere Mënschen zouhuelen.

Zanter 11 Joer kënnt d'Conny Faber-Maas eemol d'Woch een Nomëtteg op hir fréier Schaff an de Maredoc op Heeschdrëf fir enger Bewunnerin Gesellschaft ze leeschten. Wéi d'Conny an d'Pensioun gaangen ass, hatt d'Persoun si gefrot, ob si wéilt hir Vertrauenspersoun ginn. Einfach just matenee poteren, eraus spadséiere goen oder och mol mat bei den Dokter – emol d’Woch ass d’Conny vu Mëttes 14-17 Auer do. Op Dauer huet sech eng enk Relatioun opgebaut. An net just déi eeler Damm freet sech iwwer de Besuch. "Ech si frou, wa si zefridden ass", seet d'Conny.

D'Gesellschaft vun den anere Matbewunner, grad wéi d'Personal kënnen déi tëschemënschlech Relatioun mat Famill oder enke Frënn seelen ersetzen. “Mir maachen eist Bescht, fir di Bewunner do ze sinn als Personal. Mee mir si frou, dass mer kënnen op Benevoller zréckgräifen, fir do nach méi eng grouss Bindung kënnen anzegoen mat de Bewunner. An datt se och wierklech een hunn, mat deem se kënne schwätzen”, erkläert de Steve Barnich, Responsabel vun den Aktivitéiten.

D’Agence du Benevolat géif scho méi laang feststellen, datt duerch de Wandel an der Gesellschaft - Leit, déi méi al ginn, déi méi dacks eleng liewen an deels och keng Famill méi hunn - d’Isolatioun oder d’Gefill vun Einsamkeet bei villen eelere Mënschen zouhuele géif, seet d’Directrice Anne Hoffmann. Dofir hätt ee mam Familljeministère decidéiert, dem relationale Benevolat eng nei Dynamik ze ginn. An enger Ëmfro bei Strukture fir eeler Leit koum eraus, datt 3/4 Besoin hu fir dës Fräiwëllegenaarbecht entweder auszebauen oder iwwerhaapt mol anzeféieren.

Wee sech fir de relationale Benevolat interesséiert, ka sech bei der Agence du Benevolat mellen. Als Fräiwëllege gëtt een an de Strukturen encadréiert a forméiert. Wichteg ass et, Zäit an Empathie matzebréngen a virun allem reegelméisseg ze kommen.

D’Véronique Feidt kënnt ee Mol de Mount mat de Bewunner vum Maredoc sangen.
© Raphaëlle Dickes

Back to Top
CIM LOGO