
Aktuell si 69 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 20 (+1) Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.141.037 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 525,45 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 292,93 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,96. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.