Delai leeft e Sonndeg ofEen Drëttel vun den aktuell Invitéierte geet sech impfen

Roy Grotz
Nach laang net Jiddwereen ass gewëllt, sech impfen ze loossen - an dat trotz Invitatioun.

Zanter dem 1. Januar krute ronn 5.230 Leit aus dem Reseau vun der Copas, mee och Ambulanciere vum CGDIS grad wéi fräischaffend Dokteren a Leit aus Gesondheetsberuffer eng Invitatioun, fir sech an der Stad an de Victor-Hugo-Hale géint de Coronavirus impfen ze loossen. De Retour ass éischter moer, fir net ze soe schappeg: nëmme ronn en Drëttel vun dëse Leit, déi ugeschriwwe goufen, hu bis ewell e Rendez-vous geholl, fir sech impfen ze loossen - och wann den Delai eréischt um Sonndeg ausleeft.

A Chifferen hu sech vun den iwwer 5.000 Leit, déi invitéiert goufen, also nëmme ronn 1.650 gemellt fir eng Impfung.

Dëst confirméiert d'Santésministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Roth a Wiseler, déi sech op de Paperjam beruff haten.

PDF Parlamentaresch Fro an Äntwert

Back to Top
CIM LOGO