Dat ass e Plus vun 9,8% vis-à-vis vun 2019. Am Schnëtt bleiwen Touristen 2,4 Deeg am Grand-Duché. Fir déi éischt 6 Méint 2024 ginn et nach keng offiziell Zuelen, wat Iwwernuechtungen an der Hotellerie ugeet. Luxembourg For Tourism schätzt awer, datt et eng Hausse vun 1-2% vis-à-vis vun 2023 gouf.
Viru 6 Méint huet de Boutique Hotel “The Rose” um Belair seng Dieren opgemaach an d’Gérante Marie-Laure Goeres ass ganz zefridde mat der Unzuel vu Clienten, déi bis elo do waren:
“Déi éischt Méint waren e bësse lues. Dat war och gutt, fir bësse Routine ze hunn. Am Mäerz si mir op Booking komm an am Juni hu mir 50% Occupatioun gehat. Et mengt ee vläicht, dass dat net vill ass, awer fir en neien Hotel, deen net op Tripadvisor ass, deen 3 Commentairen huet, sinn ech ganz houfreg op dës Zuel.”
An den nächste Méint wäerten nach e puer aner nei Hoteller am Grand-Duché hir Dieren opmaachen.