Uni.luÉischt Studenten an der Medezin kommen an dat zweet Joer

Mariette Zenners
Zanter dem Schouljoer 2020/2021 kann een op der Uni Lëtzebuerg e Bachelor an der Medezin maachen.
Bachelor an der Medezin op der Uni Lëtzebuerg
Fir déi éischte Kéier ginn et Studenten am zweete Joer vum Medezinstudium op der Uni.lu.

Virdrun war et just méiglech, dat éischt Joer an der Medezin op der Uni um Belval ze maachen. E Méindeg war den Accueil fir d’Studenten aus dem zweete Joer, an déi nei Spezialisatiounen an der Neurologie an an der Onkologie goufe virgestallt. Am leschte Joer hate si zu 125 ugefaangen, 51 dovunner hunn den Exame gepackt. Elo koumen der 14, déi och weider zu Lëtzebuerg studéieren, als éischt an der Geschicht vun der Uni an der zweet Joer vun engem Medezinstudium. Vun elo u gehéiert d’Praxis och méi zur Formatioun.

Back to Top
CIM LOGO