Oppene Bréif un de Claude MeischElterevertriedung bedauert, net mat agebonne ginn ze sinn a verlaangt Äntwerten

Dany Rasqué
Déi national Elterevertriedung bedauert, datt si net matagebonne gouf, fir iwwert de Redemarrage vun der Schoul ze diskutéieren.

Dat ënnersträicht si an engem oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch, an deem si eng Partie Iwwerleeungen a Froen opzielt, déi an hiren Ae kuerzfristeg musse gekläert ginn. D’Elterevertriedung kënnt drop zeréck, datt vill Elteren, déi Kanner am Cycle 1 oder an engem Centre de compétences hunn, et léiwer gehat hätten, wa si selwer hätte kënnen decidéieren, ob hir Kanner zeréck an d’Schoul ginn, fir déi 3 Woche Cours, déi nach virun der grousser Vakanz bleiwen.

Dat ass e Punkt, deen der nationaler Elterevertriedung um Häerz läit, well an där Alterskategorie a bei Kanner mat spezifesche Besoinen déi sanitär Moossname quasi onméiglech sinn, wéi et am oppene Bréif heescht.

Oppene Bréif Elterevertriedung / Rep. Dany Rasque

Wier een “Zeréck an d’Schoul” fir dës Kanner fakultativ gewiescht, wier eng gewëssen Zuel Schoulmeeschteren a Klassesäll fir déi aner Cyclen disponibel bliwwen.

Wat de Splitting an der Grondschoul betrëfft, freet sech déi national Elterevertriedung, ob dat iwwerhaapt e Modell ass, deen an der Praxis fonctionéiert. Si hätt sech eng Léisung gewënscht, déi méi einfach a manner konfus wier, fir d’Elteren an och fir d’Schüler.

Et gëtt begréisst, datt de Ministère zousätzlecht Personal rekrutéiert huet, fir an deenen nächste Wochen an der Grondschoul oder an de Maisons relais ze schaffen, allerdéngs stellt déi national Elterevertriedung sech Froen iwwer d’Selektiounskrittären. Do geet et ëm d’Qualifikatiounen, ëm d’Kompetenzen an ëm d’Erfarunge vun deene Leit.

D’Elterevertriedung bedauert an hirem oppene Bréif och, datt de Minister d’Kompetenzzentren a sengen ëffentleche Rieden an op de Pressekonferenzen ni ernimmt an domadder d’Mammen an d’Pappe vun deene Kanner an der Ongewëssheet géif loossen.

Si proposéiert och, fir d’Schoulmeeschteren an d’Leit, déi d’Kanner encadréieren, net just an de Kompetenzzentren, mä och an der Grondschoul, ze motivéieren Aktivitéiten dobaussen ze maachen, fir op déi Manéier, de Schoulsport ze kompenséieren, deen den Ament jo nach ausfält.

Am Enseignement Secondaire géifen et och nach eng Partie Froen, virun allem, well et net kloer ass, wéi d’Kompetenzen evaluéiert ginn an d’Notten zustane kommen. Am Ufank war jo dovunner rieds gaangen, datt et eng Méiglechkeet soll ginn, fir en zousätzlechen Test ze maachen an/oder eng schlecht Nott falen ze loossen. Nom Homeschooling an den Ongläichheeten, déi an där Zäit méi grouss gi sinn, wier dat en zentrale Punkt, dee misst gekläert ginn.

Fir déi Ongläichheeten ze kompenséieren, fuerdert déi national Elterevertriedung an hirem oppene Bréif un den Educatiounsminister Claude Meisch, datt den Internetsite Schouldoheem.lu de ganze Summer iwwer mat all senge Funktionalitéite weider bestoe bleift an si ass dofir, datt gratis Nohëllefsstonnen an där Zäit ugebuede ginn.

PDF: Oppene Bréif vun der Elterevertriedung (12.5.2020)

Back to Top
CIM LOGO