D'Organspend zu LëtzebuergEn Interview mam Jorge de Sousa vu Lux Transplant

Lynn Cruchten
Aktuell waarde 97 Patienten am Grand-Duché op eng Organspend. Dëst Joer kruten awer och schonn 29 Patienten eng Transplantatioun.
De Jorge De Sousa vu Lux Transplant am RTL-Interview
Wat Organspende betrëfft wier Lëtzebuerg, dem Coordinateur vu Lux-Transplant no, am internationale Verglach guer net méi sou schlecht.

Dat wär eng gutt Zuel, seet de Jorge De Sousa, nationale Coordinateur vu Lux Transplant, dem Service, deen d’Koordinatioun vun Organspenden zu Lëtzebuerg assuréiert.

2023 goufen et bis ewell 17 potentiell Spender. 3 vun hinnen haten awer zu Liefzäiten de Wonsch ausgedréckt, net als Organspender a Fro ze kommen. Bei 7 anere Persoune waren d’medezinesch Krittären net erfëllt. Esou, datt um Enn bei 7 Spender Organspende konnte gemaach ginn. Zejoert waren et der 8.

Lëtzebuerg wär guer net méi esou schlecht am internationale Verglach, wéi dacks gesot. Esou de Jorge De Sousa. D’Moyenne vun den Eurotransplant Länner léich bei 13,6 Donneuren pro Milliounen Awunner d’Joer. Zu Lëtzebuerg léiche mer bei 12,3 Spender.

Zu Lëtzebuerg gesäit d’Gesetz vir, datt een automatesch Organspender ass, et sief dann et huet ee sech zu Liefzäiten dogéint opposéiert. Dofir ass et wichteg de sougenannte “Passeport de vie” auszefëllen a bei sech ze hunn. “Da weess d’Famill och, datt se do kee Feeler mécht”, ënnersträicht den nationale Coordinateur vu Lux Transplant.

Weider Informatiounen iwwert d’Organspend zu Lëtzebuerg fannt Dir op luxtransplant.lu.

D’Liewen no enger Organspend

Beim Ralph Paquay gouf am Alter vu 5 Joer eng Mukoviszidose diagnostizéiert, déi Schleäm am Kierper produzéiert, deen d’Longen, d’Liewer an d’Bauchspeicheldrüs kann ugräifen. Duerch seng ugebuere Krankheet koum et beim Ralph och zu enger Liewerzirrhos. Scho fréi war kloer, datt emol eng Transplantatioun néideg wier.

Mat 24 Joer krut de Ralph dunn eng nei Liewer. Wéi et him zanterdeem geet, kënnt Dir am Reportage vum Lynn Cruchten kucken.

D'Liewen no enger Organspend
E Portrait vun engem jonke Mann, deen am Alter vu 24 Joer eng nei Liewer krut.

Back to Top
CIM LOGO