MetzeschmelzEn neie Wunnquartier zu Esch/Schëffleng

Claude Zeimetz
Christophe Hochard
Um fréiere Site vun der Schmelz vun Esch/Schëffleng ginn iwwert di nächst Jore Wunnengen, Schoulen, Geschäfter an eng nei Gare gebaut.
"Metzeschmelz": en neie Wunnquartier zu Esch/Schëffleng
Um fréiere Site vun der Schmelz vun Esch/Schëffleng ginn iwwert di nächst Jore Wunnengen, Schoulen, Geschäfter an eng nei Gare gebaut.

Eng 10.000 Mënsche solle spéider hei liewen a schaffe kënnen. Op der fréierer Schmelz soll eng Bréck tëscht Industrie-Geschicht an Zukunft geschloe ginn. De participative Gedanke stécht hei eraus. Dat heescht d’Awunner vun den zwou concernéierte Gemengen däerfen hir Iddie mat an d’Spill bréngen.

No iwwer 130 Joer Schwéierindustrie gëtt hei zu Esch/Schëffleng an d’Zukunft gekuckt. De Site soll iwwer Geothermie gehetzt ginn an autofräi bleiwen.

Interessant ass, datt déi aktuell Gare am Zentrum verschwanne soll an duerch zwou nei Garen ersat soll ginn: Eng am Quartier “Metzeschmelz” an déi aner an der Géigend vum neie Véierel “Rout Lëns”. Donieft soll och de séieren Tram bis an d’Stad kommen.

Erkläerten Zil ass et aus Esch eng “Stad vun de kuerze Weeër” mat méi Raum fir de Foussgänger an de Vëlo ze maachen, an deemno manner motoriséierte Verkéier ze hunn. D’Uelzechtstrooss soll dat zukünftegt “Réckgrat” vun der neier Foussgänger-Achs ginn. Déi lokal Vëlosweeër mam nationale Reseau solle besser vernetzt ginn. An et sinn ënnert anerem zwou nei sougenannten “Bus-Héichleeschtungs-Couloiren” geplangt.

Back to Top
CIM LOGO