"Einfach, séier, erneierbar"Energie-Dësch fir séieren Ausbau vun Erneierbaren Energien um Schlass zu Senneng

RTL Lëtzebuerg
No éischte Reunioune mam Secteur, de Federatiounen an Associatioune ass e Mëttwoch d'Regierung mat de verschiddene Partner beieneekomm.
Energie-Dësch fir séieren Ausbau vun Erneierbaren Energien
No éischte Reunioune mam Secteur, de Federatiounen an Associatioune kënnt e Mëttwoch de Moien d’Regierung mat de verschiddene Partner beieneen.

De Premier Frieden an d’Ministeren Delles, Wilmes an Hansen souze fir d’Regierung um Dësch. Et geet ëm konkret Proposen, fir d’Entwécklung vun erneierbaren Energien ze stimuléieren. Hei am Land hunn d’Wandenergie a Fotovoltaik dat meeschte Potential.

“Einfach, séier, erneierbar”

De Premier erkläert: “D’Zilsetzung ass also kloer. Fir datt mer méi ekologesch, méi onofhängeg, manner deier Energie hunn, datt mer méi wettbewerbsfäeg ginn, wäerte mer méi Energie renouvelable an deenen nächste Jore produzéieren. An dofir brauche mer méi kuerz Weeër, manner komplizéiert Prozeduren, manner kontradiktoresch Decisiounen an dat wäerte mer an dëser Regierung versichen, an hikréien.”

Beim sougenannten Energiedësch um Sennenger Schlass wier virun allem doriwwer diskutéiert ginn, wéi déi erneierbar Energien zu Lëtzebuerg méi séier kënnen ausgebaut ginn.

Haaptpunkt dobäi wier d‘Simplification administrative, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles um Dënschdeg am Nomëtteg an der Chamber. Aktuell géif et 7 bis 9 Joer daueren, fir Wandrieder kënnen opzestellen. „Dat muss méi séier goen“, betount de Lex Delles.

Donieft wier doriwwer geschwat ginn, datt d‘Potentialer besser genotzt ginn, déi op Terraine bestinn, déi dem Staat scho gehéieren, wéi zum Beispill laanscht d‘Autobunnen. Weider géif et aktuell vill Contrainten, wou Wandrieder kënnen opgestallt ginn. Hei misst ee sech d‘Fro stellen, ob een déi net och laanscht d‘Autobunne misst kënnen installéieren, ëmmerhin wier dat an aneren europäesche Länner schonn üblech.

Parallel zum Ausbau vun den erneierbaren Energien, missten och d‘Reseauen ausgebaut ginn. En Aarbechtsgrupp soll all dës Froen elo traitéieren a bis Abrëll 2025 e Rapport maachen.

Prefinancement vu Photovoltaik vu Fréijoer 2025 un?

De Staat wäert an Zukunft den Deel vun der Primm, bannent 3 Wochen direkt un de Betrib, deen d’Installatioun mécht, iwwerweisen. D’Privatstéit bezuelen da just nach hier Participatioun an net méi de ganze Betrag, deen alt wärend engem Joer huet musse virstreckt ginn.

“Mir hunn de Moien nach eng Kéier vum Secteur vun den Handwierker héieren, dass et eng ganz grouss Demande gëtt vu Photovoltaik, fir déi kënnen ze installéieren. Sou dass do nach e gewëssene Sputt ass bei de Betriber, ier se kënnen d’Anlagen och wierklech leeën. Sou dass mer ugangs, also éischt Trimester, Mäerz, Abrëll 2025, och wann den Text dann alles duerch ass, och domat prett sinn.” sou de Minister fir Wirtschaft an Energie, Lex Delles. Wann dat néidegt Gesetz bis gestëmmt ass, brauch een och kéng Autorisatioun méi, fir eng kléng Photovoltaik-Anlag op en Daach z’installéieren.”

Photovoltaik laanscht d’Autobunnen

Den Ament läit déi maximal Photovoltaik-Produktioun bei 40% vum Objektiv, deen d’Regierung sech fir 2030 fixéiert huet. E grousse Schratt no vir kéint gemaach ginn, wa Panneaue laanscht d’Autobunn installéiert géifen. De Lex Delles erkläert: “Wann ee vum Rond-point aus der Stad eraus fiert, Richtung Frankräich, also vun do u bis op d’franséisch Grenz, d’A3 ass analyséiert ginn. Do ass e Potenzial erausfonnt ginn, e maximaalt Potenzial, wann een alles géif kucken, da wiere mer do bei ronn 150 Megawatt.”

Eleng d’Produktioun laanscht d’A3 géif dem duerchschnëttleche Verbrauch vun enge 35.000 Stéit entspriechen.

© Jeannot Ries

Wandanlagen an Zukunft méi séier geneemegen

Wat d’Wandenergie ubelaangt, ass ee schonn e Stéck méi no um Objektiv 2030: mat 46% vun där ugepeilter Produktioun, ronn 210 Megawatt. Fir 100% z’erreechen, ware fréier 2.000 Wandrieder néideg. Haut sinn et der nach eng 100. Muer villäicht just nach 50. Well déi eenzel Wandrieder ëmmer méi grouss an och ëmmer méi performant ginn, sou d’Experten.

© Jeannot Ries

Back to Top
CIM LOGO