,D’Situatioun um Wunnéngs- Marché ass och e Problem bei auslännesche Studenten, déi op Lëtzebuerg wëlle kommen, fir hei hir Studien ze maachen. Eng jonk Start-Up hëlleft hei zanter e puer Méint a probéiert jonk an Al ënnert een Daach ze bréngen.
De Santiago Alvarez ass virun engem gudde Mount zu Lëtzebuerg ukomm. Hie studéiert Biomedezin am Master doheem a Kolumbien. Optioune fir säi Joer am Ausland hat hien eng Rëtsch. Schlussendlech awer entscheet hie sech fir eng Erfarung zu Lëtzebuerg.
Santiago Alvarez: Krut keng Studentewunneng méi op der Uni Lëtzebuerg:
„Keng Anung. Iergend eppes huet mech op Lëtzebuerg geruff. Ech wollt einfach eppes iwwert d‘Kultur an Sproch gewuer ginn.“
Vill Wunnenge ware wäit iwwert dem perséinlech Budget. Eng Studentewunneng op der Uni war keng méi fir de Santiago iwwereg. Am Plaz awer fënnt hien – eng Woch virun der Arrivée - en neit Doheem bei der Famille Leners.
“Ech fannen dat souguer besser ewéi eng Studentewunneng. Hei sinn ech net eleng, oder just Studenten. Ech léieren direkt vu Lokalen d‘Land kennen. D‘Iessen. Et ass en Echange, deens de soss schwéier kriss.“
Eng jonk Start-Up suergt online fir d‘Connectioun. De Fils wunnt zanter 2 Joer net méi Doheem. Zwee Zëmmer stinn eidel. E wéineg nervös waren de Claude an d‘Pia am Ufank awer schon.
Pia Leners: Wëll Studenten an der Logementsnout ënnert d‘Ärm greifen:
„Et ass ëmmer eng Virwëtztut. Et weess ee jo net genau, wien dee Student ass, deen ee kritt. Mir wollten eis do ugangs mol kucken an déi éischt Persoun net ze laang huelen. De Santiago bleift elo mol bis d‘Fuesent. An da kënne mer mol kucken, ob de System vun der Co-Locatioun eppes fir eis ass.“
WeConnect, e Start-Up aus Lëtzebuerg gouf vun 3 Studenten, déi d‘Logementsproblematik ze gutt kennen, opgebaut. D‘Iddi ass bei engem internationale Concours entstanen. D‘Zil: Méi al Leit mat jonke Studente fir eng Wunngemeinschaft zesummebréngen.
Clémentine Offner Co-Grënner WeConnect, Studentin op der Uni Lëtzebuerg:
„D‘Studente bezuele scho fir déi Wunneng. Mee et geet drëms, en abordabele Wunnengspräis unzebidden. Also ënnert dem Marchéspräis.“
Dat sinn dann ënner 600 Euro fir d‘Zëmmer. Eng 10 Co-Habitatioune lafen aktuell. Dorënner och déi bei der Famill Leners. Déi weise sech bis ewell begeeschtert.
„Et ass e Jonken, dee mat neien Iddie kënnt an et ass och immens intressant, wéi déi Jonk d‘Welt gesinn. An ech mengen, hie kënnt aus Kolumbien, e Land, wat ech just vun der Kaart bis ewell kannt hunn. Et ass e flotte kulturellen Austausch.“
10 Co-Habitatioune lafen aktuell. E puer neier sollen déi nächst Joren nach dobäikommen.