PoliceEng Partie Bijoue goufe geklaut, Besëtzer gi gesicht

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg krut eng Fra an der Rue Grande-Duchesse Charlotte zu Miersch zwou gëlle Kette geklaut.
© Police

Zwou Fraen hate si ugeschwat, fir hir eng Blus ze verkafen, doropshin wieren d’Ketten, ouni dass d’Affer et matkrut, geklaut ginn. Eng Plainte gouf deposéiert.

Géint 2.30 Auer de Samschdeg de Moien ass e Mann an der Uewerstad vun 3 Leit iwwerfall ginn. 2 Persounen hätten hien um Hals gepaakt an een hätt him eng Kette vum Hals gerappt. D’Täter sinn doropshi fortgelaf.

Kuerz drop si si awer vun der Police um Boulevard Royal fonnt ginn. De Mann krut seng Ketten zeréck an d’Police huet bei den 3 Persounen nach weider geklaute Bijoue fonnt.

D’Police freet an dësem Kontext no Informatiounen zu de geklaute Saachen. All d’Informatioune si fir d’Police vun der Stad Lëtzebuerg (per Telefon +352 244 40 1000 oder iwwer Mail police.luxembourg@police.etat.lu).

Doriwwer eraus goufen 9 Permisen wéinst ze vill Alkohol hannert dem Steier agezunn.

Back to Top
CIM LOGO