D'Police deelt matEng Partie Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg an e Méindeg waren nees eng Partie Chaufferen ënnerwee, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.

Um 20.45 Auer e Sonndeg den Owend hat e Chauffer, dee mat sengem Auto an der Rue de Hamm an der Stad ënnerwee war, en Auto, deen um Bord vun der Strooss geparkt war, ze paken. Den Alkoholtest war positiv an dem Mann säi Führerschäi gouf provisoresch agezunn.

Géint 4.25 Auer e Méindeg de Moie krut d’Police en Auto gemellt, deen op der N15 tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen am Zickzack ënnerwee wier. Eng Patrull konnt den Auto schliisslech op engem Busarrêt an der Rue de Bastogne zu Nidderfeelen lokaliséieren. De Chauffer hat ze vill gedronk a säi Fürerschäin gouf provisoresch agezunn.

Kuerz no Mëtternuecht e Méindeg war dann en Automobilist zu Uewerkolpech wéinst sengem Fuerstil opgefall. Och hien hat ze vill gedronk an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

Alkoholkontrollen op Uerder vum Parquet

Iwwerdeems goufen tëscht 14 an 19.15 Auer e Sonndeg zu Ettelbréck, zu Dikrech an zu Reisduerf ordonéiert Alkoholkontrolle gemaach. Am Ganze goufen 1.370 Chauffere kontrolléiert. 11 Mol hat den Test e positiivt Resultat ugewisen an 3 Mol gouf de Führerschäin op der Plaz agezunn.

Back to Top
CIM LOGO