Coronavirus zu LëtzebuergEng Persoun gestuerwen, vun 6.138 Tester waren der 50 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 828 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 21 Persounen hospitaliséiert, dovunner 6 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 741.948 Impf-Dosisse genotzt. 455 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 1.257 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,84. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO