D'Escale zu EschEng Tëschenetapp zeréck an e stabilt Liewen

Fabienne Zwally
Wat geschitt mat Mënschen, déi no enger Hospitalisatioun keen Doheem hunn, wou si sech weider erhuele kënnen? D’Maison Médico-Psycho-Sociale L’Escale vum CHEM bitt Mënschen a prekäre Liewenssituatiounen eng Tëschenetapp. Nieft medezinescher a psychologescher Betreiung kréie si hei och sozial Ënnerstëtzung, mam Zil, Schrëtt fir Schrëtt nees Fouss an der Gesellschaft ze faassen.
Eng Tëschenetapp zeréck an e stabilt Liewen
Wat geschitt mat Mënschen, déi no enger Hospitalisatioun keen Doheem hunn, wou si sech weider erhuele kënnen?

Zanter Ufank Mee lieft de Jean-Claude an der Maison L’Escale zu Esch-Uelzecht. No schwéieren Depressioune gouf hien am Spidol behandelt. An där Zäit huet hie seng Aarbecht an och seng Wunneng verluer. No der Hospitalisatioun hat hie keen Doheem méi, wou hie sech a Rou hätt kënne weider erhuelen.

An der L’Escale huet hien eng Plaz fonnt, fir nees Stabilitéit a säin Alldag ze kréien. Eng Infirmière, eng Assistante sociale an och psychologesche Support stinn de Patienten hei zur Verfügung. Fir de Jean-Claude war et am Ufank allerdéngs net einfach, seng Situatioun ze akzeptéieren. Seng Famill huet hie schlussendlech iwwerzeegt, sech Hëllef ze sichen.

D’Maison Médico-Psycho-Sociale L’Escale gouf am Mäerz 2022 gegrënnt. Zanterdeem goufe méi wéi 100 Persounen an der L’Escale opgeholl. Den Ament liewe siwe Patienten an der Struktur, insgesamt ass Plaz fir zéng Persounen. Bis zu engem Joer kënnen d’Beneficiairen hei bleiwen.

D‘Escale ass schonn zweemol geplënnert. Elo ass d’Struktur an der fréierer Maison Schleimer, enger Annex vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch, ënnerbruecht. D'Patienten hunn hei eng besser Infrastruktur, schliisslech ass et fir kuerz Zäit hiert Doheem.

De Projet gëtt vum Gesondheetsministère ënnerstëtzt a weist dem CHEM no och, wéi wichteg d’Entwécklung vun der Sozialmedezin zu Lëtzebuerg ass.

Ronn 20 Prozent vun de Patiente si Lëtzebuerger. Eng Entwécklung, déi weist, datt Prekaritéit net nëmmen eng bestëmmte Bevëlkerungsgrupp betrëfft, mee jidderee kann treffen.

Fir de Jean-Claude kënnt d’Zäit an der Escale geschwënn op en Enn.

Schrëtt fir Schrëtt wëll hien elo nees an e stabilt Liewen zeréckfannen. Fir d’Ënnerstëtzung, déi hie krut, ass de Jean-Claude dankbar. Fir hien huet d’Struktur virun allem eppes méiglech gemaach: d’Chance op en Neiufank.

Back to Top
CIM LOGO