Domadder soll an Zukunft virun allem den Equipage an zukünfteg Patiente virum Coronavirus besser protegéiert, grad ewéi d’Maschinnen nees méi séier startkloer gemaach ginn.
Mat där moderner Isolatiounsbrëtsch, och Epi-Shuttle genannt, kann d’Air Rescue Corona-Patienten ouni Gefore mam Helikopter transportéieren. De Patient läit deemno ënnert enger duerchsiichteger Ofdeckung a kann iwwer Zougäng zum Beispill un eng Beootmungsmaschinn ugeschloss ginn. Entwéckelt gouf den Epi-Shuttle vun norwegeschen Doktere virun 3 Joer.
D’Isolatiounsbrëtsch huet ronn 60.000 Euro kascht. Donieft huet d’Air Rescue eng nei Isolatiounskummer a sengem Fliger. Domadder soll eeben ee Patient trotz enger héichinfektiéiser Krankheet sécher transportéiert kënne ginn.
Wärend der Kris hat d’Air Rescue eng 50 Covid-19-Patienten transportéiert. Ënnert anerem goufe Mënschen aus der franséischer Regioun Grand-Est, déi schwéier duerch den Corona-Virus betraff war, op Lëtzebuerg ausgeflunn a rapatriéiert. D’Air Rescue hätt sech awer gewënscht, datt d’Regierung se besser ënnerstëtzt hätt.
D’Zuel vun den Helikopter-Asätz ass aktuell dann och méi héich ewéi soss. D’Rapatriements-Aktivitéite sinn iwwerdeems drastesch erofgaangen, well eebe manner Touristen am Ausland sinn.
