Natur & Ëmwelt huet dowéinst an oppenen Bréif u verschidden Gremien verschéckt, well d’Plazen, déi d'Leit besichen, an engem desolaten Zoustand hannerlooss ginn.
Et sinn Fotoen, déi erschreckend sinn. Graffitien op Fënsteren an Offall an der Natur, Leit loossen alles stoen a leien. Et goufen och Iwwerreschter vun enger Plastikshändsch am Stullgank vum Fuuss fonnt. De Knascht, deen an der Natur hannerlooss gëtt, huet en Impakt op den Ökosystem. Dowéinst fuerdert Natur & Ëmwelt am Schreiwes ënnert anerem, dass Leit iwwert dat richtegt Verhalen, net nëmmen an der Natur, mee och an den Naturschutzgebidder, sollen informéiert ginn.
“Et muss een de Respekt virun den Déieren an der Natur hunn an net doduerch trampelen an alles zerstéieren, respektiv Déieren esou stéieren, dass se sech net méi weiderplanzen. Dofir hu mir de Bréif geschriwwen fir ze soen: Genéisst Natur, kuckt se, entdeckt se, mee respektéiert se.“ Sot de Roby Biwer, President vun natur&ëmwelt a.s.b.l.

Zemools d’Campagne "Vakanzdoheem" géif Natur&Ëmwelt begréissen. D’Biologin Lea Bonblet appelléiert un de gesonden Mënscheverstand, fir Plazen propper ze hannerloossen. „An och ze kucken, wat ginn et do fir Regelen a wann een dat da wëll hannerfroen, soll een dat och richteg maachen a sech Fro stellen, wie profitéiert nach vun deem Gebitt.“
An den Naturschutzgebidder si Verhalensreegelen ausgeschëldert. Leider gëtt dat awer dacks net respektéiert. Bei engem Tour mam Jan Herr duerch Dagesbaugebidder am Minett ass eis eng Feierplaz opgefall, obwuel 10 Meter weider e Schëld steet, dass een dat net soll maachen.
„Wann een hei an esou e Gebitt erakënnt, dann gesäit een dat éischtens emol als flott Kuliss, wou ee sech kann a senger Fräizäit erhuelen, mee et ass och Liewensraum fir seelen Déieren a Planzen, dëst ass ee sech net onbedéngt bewosst. Wann dann do e ganzen Owend Party ass, huet dat fir eng ganz Rei Aarten problematesch Konsequenzen an dofir wëlle mir dat an den Naturschutzgebidder ënnerbannen.“
Dowéinst well natur&ëmwelt zesummen mat der Verwaltung méi Presenz um Terrain ze weisen. „Fir och op der Plaz selwer Leit ze informéieren, ze sensibiliséieren an se och Saachen hinzeweisen. Et ass net ëmmer de schlechten Wëlle vun de Leit, mee och vläicht Onwëssenheet, dass si e Liewensraum vun engem Déier stéieren.“ Esou de Roby Biwer weider.
A wéi de Jan Herr eis dat confirméiert huet, wier dat an Zukunft och gemaach ginn.
