
E Samschdeg geet et op Kielen, an do gëtt e Freideg nach fläisseg opgeriicht. Mir waren e Freideg de Mëtteg op der Plaz an hunn nogefrot, wéi vill Aarbecht den héije Besuch hannert de Kulissen ass.
Kuerz no 14 Auer an der Turnhal vun der Kielener Primärschoul war d’Opreegung schonn net z’iwwerhéieren, wéi d’Kanner sech prett gemaach hu fir d’Generalprouf. Déi sëtzt. E Samschdeg trieden déi bal 400 Kanner dann an den nationale Faarwe Rout-wäiss-blo op.
D’Spillschoulsjoffer Danielle Hartert huet sech ëm d’Prouwe gekëmmert an zwee bekannte Lidder adaptéiert: “Ech hu bei engem Lidd den Text ëmgeschriwwen an eent adaptéiert, an déi Kleng maachen eng Choreographie dobäi (...) Si si schonn opgereegt, mee si sinn och stolz, dass de Grand-Duc kënnt, de Chef vu Lëtzebuerg. Et ass scho spannend!”
Déi éischt Preparatiounen si viru véier Méint lassgaangen, wéi de Maréchalat zu Kielen ugeklappt huet. Zanterdeem hätt et eng enk Zesummenaarbecht tëscht den eenzele Servicer ginn, dat wiere sécher e puer honnert Stonnen Aarbecht gewiescht, erkläert de Jean-Marc Derigat. Hien ass an der Gemeng responsabel fir d’Kommunikatioun.
Et hätt een och Rendez-vouse mat der Police an dem Maréchalat gehat, fir e Sécherheetskonzept auszeschaffen. “Mir sinn de Wee mat der Police an de ganze Sécuritéitsleit ofgaangen a mir hu gekuckt, wou mir mussen oppassen an hunn e puer Ajustementer gemaach. Muer éiert se kommen, gëtt nach eemol eng Visitt gemaach, fir nach eng Kéier ze kucken, dass och alles an der Rei ass.”
Et gouf och en extra Budget gestëmmt. D’Visitt kascht d’Gemeng ëm déi 70.000 Euro. Iwwer 20 Veräiner sinn e Samschdeg op der Plaz, erzielt de Buergermeeschter Félix Eischen. Déi groussherzoglech Koppel hätt also zwou Minutte pro Stand. “Ech sinn awer iwwerzeegt, dass dat klappt!”
Den Erléis vun de Veräiner geet un d’Partnergemeng Meckenbeuren a Baden-Württemberg, déi staark vum rezenten Héichwaasser betraff war.