Et géing ee feststellen, dass dacks Leit d’Ambulanz ruffen, obwuel dat net onbedéngt néideg wär, dat stellt de Generaldirekter Paul Schroeder am Interview fest. Dee Phänomen hätt besonnesch no der Coronapandemie zougeholl. Um Neijoerschpatt-Patt vum CGDIS hunn de Generaldirekter an den Inneminister Léon Gloden en Ausbléck op d’Erausfuerderunge fir 2025 gemaach.
Engersäits kéim elo den éischte PNOS (Plan d’organisation et de secours) op en Enn, an et misst een sech opstelle fir déi zweet Versioun. Do spillt de preventive Brandschutz fir de CGDIS eng gréisser Roll : Méi a méi séier bauen heescht fir de CGDIS, sech unzepassen, an deementspriechend hir Avisen zum Brandschutz méi séier mussen eraus ze ginn.
Et wéilt een awer och d’Gemengen an aner Acteure méi staark abannen, esou den Inneminister, deen an deem Kader vu Resilienz schwätzt.
De CGDIS ass weider op fräiwëlleg Pompjeeën ugewisen, ma et géif ee mierken, dass den Engagement vun de Benevolle sech verännert hätt : Esou géif dee phaseweis zou- an dann nees ofhuelen, jee nodeems a wéi enger Liewens- a berufflecher Phas d’Leit aktuell sinn. Den « eemol Pompjee, ëmmer Pompjee » géif et net méi. Deem misst een entgéint kommen, andeems et an Zukunft wuel verschidde Statutte fir déi fräiwëlleg Pompjeeë gi wäert. De LISER hätt an deem Kader eng Etüd opgestallt, déi deemnächst presentéiert géif. D’Amendementer zu deem Gesetzesprojet géifen ëm Ouschteren an d’Prozedur goen.
Eng weider Erausfuerderung gëtt d’Schafe vun der neier Cellule Resc-LU, déi d’Gemenge beim Katastropheschutz ënnerstëtze soll. Déi nei Unitéit am CGDIS inspiréiert sech un dem däitschen THW (Technisches Hilfswerk). Domat hofft een, och neit Personal unzezéien, zum Beispill Kranféierer, esou de Generaldirekter Paul Schroeder am Interview. Dat wier eng Optioun fir déi Leit, déi sech beim CGDIS engagéiere wëllen, awer net onbedéngt als Pompjee schaffe wéilten. Wéi vill zousätzlecht Personal een do genee brauch, dat kéint een elo nach net soen, erkläert den Inneminister Léon Gloden. Kloer wier awer, dass déi Unitéit ganz am CGDIS bleiwen an déi aner Corpsen esou entlaaschte soll.
Zanter Oktober ass den neie Pré-Alerte-System LU-Alert operationell. Den Inneminister zitt do en éischte positive Bilan : 3500 Leit hätten d’App an der Testphas probéiert, 85 Prozent hätten se als positiv empfonnt.