
Den Aarbechtsminister Georges Mischo confirméiert a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Diddelenger Buergermeeschter an Deputéierten Dan Biancalana a sengen LSAP-Parteikolleege Claude Haagen a Mars Di Bartolomeo, dass een den Ament bei der ADEM amgaangen ass, esou eng Analys ze maachen.
D’Gebailechkeeten zu Diddeleng géifen einfach net méi de Besoinen entspriechen, déi den Erausfuerderunge gerecht ginn, déi d’Aarbechtsamt sech mat hirer Strategie fir déi nächst Jore gesat huet. Dat wier och de Fall gewiescht fir d’Alternativen, déi d’Gemeng Diddeleng virgeschloen huet.
Et wier och net glécklech, just een Deel vun der ADEM-Offer zu Diddeleng ze assuréieren.
De Minister ënnersträicht zwar, dass een nach keng definitiv Decisioun iwwert d’Zukunft vun der Diddelenger ADEM-Agence geholl huet, et wier een awer bei der ADEM amgaangen, no alternative Bürosraim am Süde vum Land ze sichen. Et géif een do der regionaler Proximitéit trei bleiwen.
Verschidde Servicer kéinten och vun der Agence um Belval iwwerholl ginn.