Zesumme mam Claude Wiseler a mam Xavier Bettel huet hien direkt am Ufank annoncéiert, dass een d’Koalitiounsgespréicher mat Erfolleg ofgeschloss hätt. Et wier gelongen, d’Prioritéite vun der CSV an der DP an Aklang ze bréngen, op ville vun dëse Punkte wier d’Zilsetzung déi nämmlecht gewiescht, esou de Luc Frieden. Um Enn wier et an de Verhandlungen ëm Detailer gaangen.
Et missten nach eng Rei Texter fäerdeggestallt ginn, ma de Gros géif stoen. De Plang wier, de Koalitiounsvertrag en Donneschdeg ze ënnerschreiwen. E Mëttwoch geet de Luc Frieden eng weider Kéier bei de Grand-Duc. No dësem Gespréich géif de Formateur Luc Frieden nach emol mam Claude Wiseler a mam Xavier Bettel, déi fir hir respektiv Parteien d’Verhandlunge leeden, schwätzen. Deen Ament géif een dann och d’Nimm vun de Regierungsmemberen definitiv festhalen.
Géif en Donneschdeg de Koalitiounsaccord ënnerschriwwe ginn, géifen d’Eckpunkten op enger weiderer Pressekonferenz matgedeelt ginn. Souwuel d’CSV ewéi och d’DP mussen awer och nach de Koalitiounsaccord an hire Gremien ofseene loossen.

Bannent 5 Wochen hätt een et fäerdeg bruecht, e Koalitiounsaccord op d’Been ze stellen, an deem sech béid Parteien erëmfannen, esou de Xavier Bettel. D’Parteigremie vun der DP kommen e Mëttwochowend beieneen, fir iwwert de Programm an d’DP-Minister ofzestëmmen. D’Knackpunkte wieren all geléist, et géif elo em den Detail goen, esou de Xavier Bettel.
Och de Claude Wiseler huet d’Aart a Weis vun de Verhandlunge gelueft. D’CSV kënnt e Mëttwoch den Owend fir d’éischt am Nationalrot, an dann um Niveau vum Kongress beieneen, fir de Regierungsprogramm an d’CSV-Minister-Kandidaten ofzeseenen.
Wunnengsbau, Klima, Kafkraaft ënnert anerem an dëse Punkte wier et gelongen, eng gemeinsam Positioun ze fannen, esou de Formateur Luc Frieden op d’Fro, ob een e puer Detailer zum Programm kéint nennen. Et hätt een decidéiert, d’Zuel vun de Ministeren op 15 ze limitéieren an dass et keng Staatssekretäre géif ginn.
De Formateur huet sech dobäi op déi nei Verfassung beruff, déi géing virgesinn, “datt e Vote de confiance vun der Chamber muss stattfannen iwwer d’Regierungserklärung.”
Am Artikel 88 vun där neier Verfassung steet effektiv datt, de Grand-Duc de Premier an déi aner Regierungsmemberen nennt. An am Artikel 93 heescht et, “Le Premier ministre engage la responsabilité du nouveau Gouvernement à l’occasion de la présentation du programme gouvernemental devant la Chambre des Députés”.
Do ass awer net verbueden, den Accord oder d’Haaptelementer draus, virdru mat ze deelen. Trotzdeem ass dem Luc Frieden seng Reiefolleg: De Staatschef, d’Parteien, d’Chamber an déi Etappe muss ee respektéieren. Mir sollen heiansdo iwwregens stolz drop sinn, datt mer esou e gutt rodéierte System zu Lëtzebuerg hunn. Et ass net eng Persoun, déi decidéiert.”
Ma justement d’Parteigremie vun CSV an DP, déi e Mëttwoch den Owend zesummekommen, fir de Koalitiounsaccord an d’Regierungs-Nominatiounen unzehuelen, kréien en net ganz virgeluecht, wéi de Xavier Bettel an hei de Claude Wiseler erkläert hunn. “Evidenterweis gëtt den Accord net tel quel an deem Moment verschéckt.” Deemno seenen d’Gremien en Accord of, dee se am Detail net kennen. Dee soll dann en Donneschden ënnerschriwwe ginn.
Déi lescht Blo-Rout-Gréng-Regierung huet hire Programm 2018 iwweregens 2 Deeg virun hirer Vereedegung integral publizéiert.