
Wéi d’Police mellt, goufen an de fréie Moiesstonnen um Freideg direkt e puer Abréch an Autoen zu Sandweiler gemellt. Betraff ware Gefierer op der Haaptstrooss, grad ewéi an der Rue de Contern.
En Donneschdeg den Owend géint 20 Auer gouf probéiert, an en Haus zu Garnech anzebriechen. Si goufen allerdéngs vun der Alarmanlag verdriwwen an hu sech Richtung Holzem dervu gemaach. Eng Sichaktioun vun der Police hat keen Erfolleg.
En Donneschdeg am Nomëtteg gouf probéiert an de Keller vun engem Eefamilljenhaus um Boulevard Prince Henri zu Esch anzebriechen.