
D’Pompjeeë vu Goussbus, Réiden an aus dem Préizerdaul ware mobiliséiert. Eng Dampentwécklung duerch eng Wäschmaschinn, déi Feier gefaangen hat, gouf et da kuerz virun Hallefnuecht zu Déifferdeng. Déi lokal Pompjeeë goufe vun hire Kolleege vun Suessem-Déifferdéng an Esch ënnerstëtzt.
Um Kierchbierg huet dann an der Nuecht op e Mëttwoch um 1 Auer en Auto gebrannt. Do waren d’Stater Pompjeeën op der Plaz..